OSIRIS-REx (Origins Spectral Interpretation Resource Identification Security – Regolith Explorer)[1] ass eng Raumsond vun der NASA, déi den 8. September 2016 mat enger Atlas-V-Rakéit gestart gouf, fir vum Asteroid (101955) Bennu, Prouwe mat op d'Äerd zeréckzebréngen[2]. De Bennu ass en äerdnoen Asteroid vum – heefegsten – C-Typ, dee kuelestoffräich ass an doduerch eng donkel Uewerfläch huet.

OSIRIS-REx
OSIRIS-REx beim (101955) Bennu
(kënschtleresch Duerstellung)
Typ Fuerschungssatellit
Missioun Asteroid (101955) Bennu
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 2016-055A
Startmass 2110 kg (dovun 1230 kg Dreifstoff)
Start 8. September 2016
Enndatum 24. September 2023 (geplangt)
Startplaz Cape Canaveral, LC-41
Drorakéit Atlas V (411)
Status aktiv

No New Horizons a Juno ass OSIRIS-REx déi drëtt Raumsond vum New-Frontiers-Programm. D'Entscheedung fir d'Missioun gouf de 25. Mee 2011 bekannt ginn, nodeem si d'Prioritéit krut géint e Venus-Lander, deen d'Atmosphär an eng Buedemprouf ënnersiche soll (Venus In-Situ Explorer), an eng Sond, déi Materialprouwen aus dem Südpol-Aitken-Becken vum Äerdmound op d'Äerd brénge sollt (MoonRise).[3] D'Sond gouf vum US-amerikaneschen Technologiekonzern Lockheed Martin gebaut a se war Oktober 2015 fäerdeg. Uschléissend goufen ëmfangräich Tester dermat gemaach.[4]

Missiounsverlaf änneren

D'OSIRIS-REx gouf den 8. September 2016 gestart. Ee Joer nom Start ass si den 22. September 2017 fir e Swing-by nees op enger Distanz vu 17.000 km laanscht d'Äerd geflunn, an den 3. Dezember 2018 huet si de Asteroiden Bennu erreecht.[5] No enger Approche vun 68 Deeg soll d'Sond an e ronn 5 km héijen Orbit aschwenken an d'Uewerfläch vum Asteroid kartéieren. Ausserdeem soll OSIRIS-REx de Jarkowski-Effet miessen (den Afloss vun der ënnerschiddlecher staarker Erwiermung vun der Asteroidenuewerfläch op de Bunnverlaf vum Asteroid).

Am Laf vun der ronn 500 Deeg laanger Observatiounsphas soll den Orbit schrëttweis bis op 700 Meter erofgesat ginn. Schliisslech soll OSIRIS-REx nach méi no bei den Asteroid kommen, den Ausleeër mam Sammelmechanismus (TAGSAM) ausklappen an op d'mannst 60 g Regolith-Gestengs an zousätzlech 26 cm³ rengkäregen Uewerflächestëbs asammelen[6]. D'Materialprouwe sollen uschléissend an eng Retourkapsel kommen, déi sou wéi d'Stardust-Sond opgebaut ass. D'OSIRIS-REx soll am Mäerz 2021 de Réckfluch op d'Äerd ufänken an d'Retourkapsel am September 2023 bei der Äerd aussetzen. Uschléissend soll d'Kapsel op der Utah Test and Training Range landen.[3][4] D'Sond soll nom Ofworf vun der Kapsel eng weider Kursännerung maachen an an e Sonnenorbit aschwenken.[7]

Animatioun iwwer d'Missioun
 
Animatioun vun enger Bildserie, déi vun OSIRIS-REx de 25. November 2018 aus ronn 80 km Distanz vum Bennu opgeholl gouf an eng voll Ëmdréiung vum Asteroid weist
 
A Retourkapsel; B TAGSAM; C Sondekierper; D Solarmodul; E Parabolantenn;
f Dreifwierker; g Stäresensoren; h Antenn; j Antenn; k Heliumtank;
1 Lidar; 2 OLA; 3 OCAMS; 4 OTES; 5 OVIRS

Opbau änneren

D'OSIRIS-REx ass quaderfërmeg, 3,10 m breet an 2,72 m héich an 2100 kg[8] schwéier. Op béide Säite vun der Sond si quadratesch Ausleeër mat Solarzelle mat enger Fläch vun am Ganzen 8,5 m². Fir d'Kommunikatioun mat der Äerd huet d'Sond eng Parabolantenn mat engem Duerchmiesser vun zirka 2 m an zwou weider Antennen[9].

Si ass mat follgenden Instrumenter ausgerëscht:[9]

  • OCAMS (OSIRIS-REx Camera Suite), Kameraen
  • OVIRS (OSIRIS-REx Visible and IR Spectrometer), e Spektrometer fir Infrarout a vir de Beräich vum siichtbare Liicht
  • OTES (OSIRIS-REx Thermal Emission Spectrometer), e Spektrometer fir Wäermstralung
  • OLA (OSIRIS-REx Laser Altimeter), e Laser-Altimeter
  • REXIS (Regolith X-ray Imaging Spectrometer), e Röntgenspektrometer[4]
  • TAGSAM (Touch-And-Go Sample Acquisition Mechanism), de Sammelmechanissem fir d'Materialprouwen

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: OSIRIS-REx – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. (en) Interview mam Dante Lauretta op YouTube, gekuckt den 2. Oktober 2016
  2. spaceflightnow.com: OSIRIS-REx probe launched to asteroid in compelling search for the origins of life gekuckt den 9. September 2016
  3. 3,0 3,1 NASA: NASA to Launch New Science Mission to Asteroid in 2016 gekuckt den 12. Mäerz 2016
  4. 4,0 4,1 4,2 nasaspaceflight.com: OSIRIS-REx enters environmental testing ahead of launch next year gekuckt den 13. Mäerz 2016
  5. nytimes.com: NASA’s Osiris-Rex Arrives at Asteroid Bennu After a Two-Year Journey, gekuckt den 3. Dezember 2018.
  6. Dante S. Lauretta: OSIRIS-REx Asteroid Sample-Return Mission. In: Joseph N. Pelton, et al.: Handbook of cosmic hazards and planetary defense. Springer, Cham 2015, ISBN 978-3-319-03951-0, S. 544
  7. Zeitleiste der Mission, gekuckt den 2. Oktober 2016.
  8. Sonde „Osiris Rex“ erfolgreich gestartet orf.at, 9. September 2016, gekuckt den 9. September 2016.
  9. 9,0 9,1 Infoblatt der NASA