Nuddele sinn Deegwueren aus gedréchentem Mieldeeg, deen net opgaangen ass; mat oder ouni Eeër oder soss Zousätz (Ueleg, püréiert Tomaten oder Spinat,...), a Form vu méi oder manner breede Bänner, Zylinderen, Réier oder dovun ofgeleete Formen, an déi gekacht ginn, fir se z'iessen.

Nuddelszorten op engem Florenzer Maart
Nuddelen aus Lëtzebuerg

Deemno gehéieren a contrario Deegwueren déi sech net dréchne loossen (Ravioli, etc.) grad wéi déi aus anerem Deeg (Gnocchi, etc.) definitiv net dozou.

D'Wuert Nuddel kënnt vu Kniddel an ass domat en Deel vum grousse Stamm vu lëtzebuergesche Wierder, déi mam Ufankslaut kn- eng Verdéckung ausdrécken (Knuet, Knapp, Knujel, etc.).

Et fënnt sech erëm am Däitschen als Nudel (zanter 1550), am Engleschen als noodle (zanter 1779), an am Franséischen als éischt als noudle oder nudeln (1765) an duerno als nouilles (zanter 1767).

Déi wuel meeschten Nuddelvariante gëtt et an der italieenescher Kichen.

Nuddelen ënnerscheede sech haaptsächlech duerch hir Form a manner duerch hir Bestanddeeler. Et ass d'Form déi d'Haapteegeschafte festleet, wéi d'Kachzäit, d'Kapazitéit fir Zooss opzehuelen, an d'Facilitéit mat där ee se iesse kann.

Nuddelzorten änneren

Ficellen änneren

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
  Spaghetti dënn Stief kleng Schnéier
  Vermicelli ganz dënn Stief kleng Wierm

Bandnuddelen änneren

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
  Fettuccine Band vun ongeféier 1 cm Breet kleng Scheiwen
  Lasagne ganz breet Deegplacken Kachdëppen
  Linguine platt Spaghetti kleng Zongen
  Tagliatelle méi en dënnt Band wéi d'Fettuccine kleng Geschniddener

Huel Nuddelen änneren

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
  Bucatini huel Spaghetti kleng Lächer
  Macaroni gebéit kleng Tüben
  Penne mëttelgrouss Tüben, mat den Enner diagonal ofgeschnidden wuertwiertlech "Plommen", well se den Enner vun de Gänseplomme gläichen
  Rigatoni grouss längelzeg geriffelt Tüben, riicht ofgeschnidden gerillt

Kleng Nuddelen änneren

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
  Farfalle a Form vun enger Méck oder engem Päiperleck Päiperleck
  Fusilli Spiralen Gewierer
  Orecchiette a Form vu klengen Oueren kleng Oueren
  Strozzapreti onreegelméisseg gerullt Paschtouerwierger

Soss Formen änneren

Bild Typ Beschreiwung Iwwersetzung
  Buschtawen a Form vu Buschtawe vum Alphabet

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nuddelen – Biller, Videoen oder Audiodateien