Nordstrooss Shopping Mile Marnach

D'Nordstrooss Shopping Mile Marnach oder einfach Nordstrooss, ass en Akafszentrum zu Maarnech, dee laanscht d'Nordstrooss läit. Am Akafszentrum sinn iwwer 40 Geschäfter, verdeelt op den A-, B- an C-Block. Nieft de verschiddene Liewensmëttelkette gëtt et dräi Restauranten, zwou Bensinnsstatiounen a vill Déngschtleeschtungsbetriber.

Mëtt 2019 ass de Gesondheetszentrum (Centre médical Nordstrooss) mat enger Apdikt opgaangen. Dat selwecht Joer sinn nach eng Crèche, d' Laboratoires Réunis, eng Filial vu « gesond.lu » a vill Dokteren derbäikomm.[1],[2]

Am Januar 2020 sinn d'Büroe vun der SNCA (Société Nationale de Circulation Automobile) opgaangen [3] an d'Kontrollstatioun SNCT (Société Nationale de Contrôle Technique) huet seng Pisten am Fréijoer 2020 opgemaach.[4]

Geschicht änneren

D'Entwécklung geet zeréck op d'Joer 1986. Den Ufank war de Bau vum Miwwelgeschäft Oestreicher, 1996 sinn ee Supermarché an déi éischt Bensinnsstatioun derbäikomm. De 26. September 2017 gouf d'Nordstrooss Shopping Mile Marnach mat sengen 10.000 m² offiziell a Presenz vun der Staatssekretärin Francine Closener, dem Emile Eicher Député-maire vu Klierf , an der Direktioun vum Cactus ageweit.[5]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. cmn.lu: "Rubrik: Dienstleistungen", gekuckt 2020-03-02.
  2. nordstrooss.lu: "Rubrik: Iwwert eis", gekuckt 2020-03-02.
  3. snca.lu: "Ouverture des nouveaux guichets à Marnach", gekuckt 2020-03-02.
  4. wort.lu: "Mit Verspätung: SNCT-Station in Marnach", gekuckt 2020-03-02.
  5. cactus.lu: "Ouverture du Cactus Marnach dans le centre commercial Nordstrooss", gekuckt 2020-03-02.