Baueremusée zu Peppeng

De Baueremusée zu Peppeng (Musée rural et artisanal) op Nummer 38 an der Krautemer-Strooss ass e Musée wou alles ausgestallt ass, wat fréier mam ländleche Liewen ze dinn hat.

De Baueremusée zu Peppeng
Brout frësch aus dem Bakuewen
Schmëdd

D'Geschicht vum Haff an Iewescht Meesch änneren

Am Joer 1840 hunn den Nikolaus Dondelinger (1818-1879) a seng Fra Katharina Hemmer (1815-1869) d'Wunnhaus gebaut an deem elo de Baueremusée dran ass. D'Scheier an d'Ställ goufen am Joer 1842 fäerdeg.

Hiert Meedche Katharina (1842-1928) hat sech mat engem Johann Hilger (1844-1922) vu Breistroff aus Frankräich bestuet.

Well hiert Meedche Maria (*1876) sech mat dem Schoulmeeschter Johann Jeitz vu Bartreng bestuet hat, ass den Haff du vu Piechter exploitéiert ginn.

Hir Duechter Justine (*1904) huet sech mat engem Apdikter vun Esch-Uelzecht, dem Alphonse Pier bestuet.

Déi lescht Ierwe vum Haff, d'Renée Pier, Wittfra vum Zänndokter Tony Theisen an de Jean-Paul Pier, Professer, hunn en am Joer 1989 un de Lëtzebuerger Staat verkaaft. Den deemolege Kulturminister Robert Krieps wollt den Haff fir kulturell Zwecker gebrauchen.

De 27. Juli 1989 gouf den Haff op d'Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de klasséierten nationale Monumenter opgeholl.

Am Joer 1999, ënner der Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges, ass de Baueremusée ageweit ginn.

Wat ass am Musée ze gesinn? änneren

  • E miwwléiert Wunnhaus aus dem 19. Joerhonnert mat Bakuewen, deen nach am Gebrauch ass
  • Handwierkeratelieren
  • Ställ
  • eng Scheier
  • Maschineschäpp
  • eng Bëschschmëdd aus dem Mëttelalter
  • eng Schmëdd, déi nach a Betrib ass
  • e Kraidergaart
  • Hénger a Kanéngercher
  • an nach méi, am Ganzen 23 verschidden Ausstellungsraim

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Baueremusée zu Peppeng – Biller, Videoen oder Audiodateien