Norbert Becker

lëtzebuergesche Manager


Den Norbert Becker, gebuer de 7. Oktober 1953, ass e lëtzebuergesche Manager a Member vun der DP[1].

Norbert Becker
Gebuer 7. Oktober 1953

Hien huet seng Karriär 1974 beim Commissariat au contrôle des banques ugefaangen, wou hie fir d'Iwwerwaachung vun de Finanzinstitutiounen zoustänneg war. No engem Joer bei PricewaterhouseCoopers zu Frankfurt, war hien 1979 dru bedeelegt fir den Arthur Andersen Büro zu Lëtzebuerg opzemaachen, wou hien d'Leedung iwwerholl huet. 1994 krut hien eng Nominatioun als regionale Mantging Partner zu London. 1998 ass hien als globale Managing Partner fir ë. a. Finanze mat Sëtz zu New York ernannt ginn. Nodeem 2002 Arthur Andersen wéinst dem Enron-Skandal opgeléist gouf, war hien un der Fusioun vu 56 Arthur Andersen-Büroe mat Ernst & Young bedeelegt, wou hie Finanzchef gouf.

2004 koum en op Lëtzebuerg zeréck an huet d'Beroderfirma Atoz gegrënnt wou hie President ass. Hien ass President vum Verwaltungsrot vu Paypal (Europe), Lombard International Assurance a Member vu China Everbright Bank (Europe), Teseo Capital, Edmond de Rothschild Private Equity Funds, Intesa Sanpaolo Holding International, Site Industriel, Ireland Luxembourg Chamber of Commerce, ELA Foundation, American Hospital of Paris, Amis des Musées Luxembourg, Becker & Kinsch Investment Partners, Converginvest, Converginvest Management, Lia Holdings, Pantech, Sisa Artisans, Sisa Invest, Straki Bis, TBOL Group, Verny International a Verny Lux.

Hien huet d'Compagnie de Banque Privée matgegrënnt, déi hie presidéiert huet. Hie war President vum Verwaltungsrot vum Lëtzebuerger Journal, Mangrove Capital Partners, Friends Provident International, Eurobéton, LBO Investments, Sting, Inovia, CIB Bank, Vauban Patrimoine, Vauban Participations, Vizepresident vu Quilvest Wealth Management a Member vu Skype, Skype Technologies, BIP Investment Partners, Rotarex, Wix.com, Quilvest Banque Privée, Quilvest Switzerland, Société Européenne de Banque, Media Lario Technologies, Six Participations a Silver Holdings.

Hie war President vum Board of Regents vun der Sacred Heart University Luxembourg a Matgrënner vun der Initiativ 5 vir 12. 1996 huet hien zesumme mam Edmond Israel de Centre d'études prospectives (Cepros) gegrënnt.

Den Norbert Becker war vun Enn Mäerz bis Enn Mee 2020, zesumme mam André Prum, conseiller spécial um Groussherzoglechen Haff an huet ad in­te­rim d'Funktioune vum Haffmarschall iwwerholl, well dee Posten déi Zäit net besat war. Vum 10. Juni 2020 un huet hien eng aner Charge um Haff, hien ass President vun der Administratioun fir dem Grand-Duc seng Gidder, wou hien Nofollger vum Albert Wildgen gouf.[2]

Referenzen änneren

  1. wort.lu
  2. Persounekarussell um Haff - Norbert Becker iwwerhëlt Tâche vum Albert Wildgen op rtl.lu gekuckt den 10. Juni 2020