Albert Wildgen

lëtzebuergesche Jurist

Den Albert Wildgen, gebuer den 13. Juni 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist.

Albert Wildgen
Gebuer 13. Juni 1953
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot

No sengen Droitsstudien op der Université de Paris I, Panthéon-Sorbonne, gouf hien den 9. Februar 1977 als Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg vereedegt. 1980 huet hien d'Etüd vum fréiere Minister Victor Bodson iwwerholl, aus där Wildgen, Partners in Law gouf. 2002 huet hien déi Etüd verlooss.

Hie war vum 11. November 2008 bis den 10. Juni 2020 President vun der Administration des biens de Son Altesse Royale le Grand-Duc. Säin Nofollger gouf den Norbert Becker.[1]

Den Albert Wildgen war kuerzzäiteg President vum Verwaltungsrot bei der Cargolux, wou hien Nofollger vum Marc Hoffmann gouf.

Hien ass am Verwaltungsrot vun der BIL a vun der KBL epb[2] an hie war bis Ufank 2016 an deem vu Petrolia Inc.[3]

Referenzen änneren

  1. Persounekarussell um Haff - Norbert Becker iwwerhëlt Tâche vum Albert Wildgen op rtl.lu gekuckt den 10. Juni 2020
  2. De Verwaltungsrot vun der KBL epb gekuckt den 18. Mäerz 2016
  3. Demissioun vum Albert Wildgen