D'Gréng Ekonomie (fr.: économie verte / en.: green economy) gëtt vun der UNEP als Ekonomie definéiert, déi zu engem verbesserte Wuel vum Mënsch an enger méi grousser sozialer Gerechtegkeet féiert, an dobäi signifikativ d'Ëmweltrisiken an d'ecologesch Ressourceknappsheet reduzéiert. Vereinfacht ausgedréckt ass d'gréng Ekonomie eng Ekonomie, an där wéineg CO2 produzéiert gëtt, d'Ressourcen op eng effizient Manéier benotzt ginn an et keng sozial Ausgrenzung gëtt.[1]

De Wirtschaftswuesstem gëtt vun ëffentlechen a privaten Investitiounen ugedriwwen, déi gläichzäiteg d'CO2-Emissiounen an d'Ëmweltverschmotzung reduzéieren, d'Effizienz vum Energieverbrauch erhéijen an de Verloscht u Biodiversitéit verhënneren. Déi Investitioune sollen duerch geziilt ëffentlech Ausgaben, politesch Reformen a Regulatiounen aktivéiert an ënnerstëtzt ginn. An der Iwwergangsphase zu enger grénger Ekonomie ass et wichteg, déi méi héich Ëmweltschutzstandarten an d'sozial Inklusioun mat Wuesstem vun der Wirtschaft an den Investitiounen ze verbannen.[2]

De Konzept vun der grénger Ekonomie ersetzt net dee vun der Nohalteger Entwécklung; déi zwee si komplementar. De Schrëtt zu enger grénger Ekonomie ass e wichtege Schrëtt zu enger Nohalteger Entwécklung.[2] D'Nohalteger Entwécklung baut op der Nohaltegkeet vun den dräi grousse Komponenten (wirtschaftlech, sozial, ekologesch) op. D'gréng Ekonomie fokusséiert sech op d'Nohaltegkeet vun där wirtschaftlecher Komponent.[3]

Referenzen änneren

  1. UNEP: Presentatioun: "Green Economy"
  2. 2,0 2,1 Towards a Green Economy: Pathways to Sustainable Development and Poverty Eradication, Rapport vun der UNEP, 2011, S. 16-19
  3. IUCN: What is the difference between the concept of a Green Economy and Sustainable Development?