Nikolai Alexandrowitsch Kosyrew

Den Nikolai Alexandrowitsch Kosyrew, gebuer den 2. September 1908 zu Sankt Petersburg a gestuerwen de 27. Februar 1983 zu Leningrad war e sowjeteschen Astronom.

Nikolai Alexandrowitsch Kosyrew
Gebuer 2. September 1908
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 27. Februar 1983
Sankt Péitersbuerg
Nationalitéit Sowjetunioun
Educatioun Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker

De wichtegste Schwéierpunkt vu senger Fuerschung war den Äerdmound, op deem sech de Kosyrew op méiglech Unzeeche vu vulkanescher Aktivitéit konzentréiert hat (Lunar transient phenomenon). An de Joren ëm 1955 hat hien als Éischten d'Lumineszenz vun der Mounduewerfläch (Method vun der Reschtintensitéit a bei Mounddäischterten) ënnersicht a konnt beim Moundkrater Aristarch déi aussergewéinlech Hellegkeet duerch d'Wierkung vu solarer Korpuskularstralung erklären.

No Hiweis vum D. Alter (1956) observéiert hien ë. a. och reegelméisseg de Moundkrater Alphonsus mat speziellem Spektrogramm. Am November 1958 entdeckt hien um Kraterbuedem vun dësem Rankbierg a beim Zentralbierg vulkanesch Liichter.

Dat war eng wëssenschaftlech Sensatioun an zur Hypothes gefouert, datt vill Moundkrateren duerch Vulkanismus entstane kéinte sinn. Spéider Ënnersich hunn awer gewisen, datt déi heefegst Ursaach Meteorittenaschléi zanter dem Grousse Bombardement vu viru 4 Mrd. Jore sinn.

Dem Nikolai Kosyrew zu Éieren huet d'International Astronomesch Unioun (IAU) 1997 de Moundkrater Carver K a Kozyrev[1] ëmgenannt. Och den Asteroid (2536) Kozyrev gouf no him genannt.

Literatur änneren

  • Josef Sadil: Blickpunkt Mond, Urania-Verlag Leipzig – Berlin 1962.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. USGS – Moon Nomenclature: Crater, Craters