Nicole Zens

lëtzebuergesch Historikerin

D'Nicole Zens, gebuer zu Déifferdeng, ass eng lëtzebuergesch Geschichtsprofessesch an Historikerin. Si ass mam Jeannot Metzler, Archeolog a fréiere Conservateur am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht bestuet, an dofir och dacks als Nicole Metzler-Zens unzetreffen.

Nicole Zens
Gebuer 20. Joerhonnert
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Famill
Bestuet mat Jeannot Metzler

Formatioun a Karriär änneren

D'Nicole Zens huet, no hire Secondairesstudien an der Privatschoul Sainte-Sophie, Geschicht um deemolege Centre universitaire an der Stad Lëtzebuerg an op der Universitéit vu Caen (Normandie) studéiert. Fir hir "Maîtrise" huet se sech mat der Demographie vun der Stad Lisieux am 17. an am 18. Joerhonnert beschäftegt. Am Kader vum "Stage pédagogique" huet si eng wëssenschaftlech Aarbecht iwwer d'Demographie vun der Stad Iechternach am 18. Joerhonnert verdeedegt. Vun 1973 bis 1977, d. h. fir de Stage a bis zur Nominatioun, huet d'Nicole Zens am Lycée Michel-Rodange an der Stad Lëtzebuerg geschafft. No enger éischter Ustellung an engem Lycée technique krut si 1980 eng Mutatioun an den LMRL wou se da bliwwen ass. An hirer Fräizäit hëlt d'Nicole Zens un archeologesche Gruewungen deel. Dës Aktivitéit schléit sech dann an archeologesche Bäiträg nidder, déi se mat hirem Mann oder och eleng ënnerschreift.

D'Nicole Metzler-Zens ass Familljemamm a wunnt an der Buerg.

Publikatiounen änneren

  • Une reconstitution urbaine par sondage: Lisieux aux XVIIe et XVIIIe siècles ; in: Bulletin d'information - Société de démographie historique, Nr. 12, Paräis, 1974; Ss. 12-21 (Tableauën, Graphiken).
  • Démographie de la paroisse d'Echternach au 18e siècle ; in: Livre d'Or du Centenaire, erausgi vun der Société d'Embellissement et de Tourisme, Iechternach, 1977; Ss. 123-132 (Graph.).
  • (mam Jeannot Metzler an anerer) Lamadelaine: une nécropole de l'oppidum du Titelberg ; Lëtzebuerg, Dossiers d'archéologie du MNHA, Nr. 6 (1999); 471 Säiten.
  • (mam Jeannot Metzler a mam Romain Bis) Les sépultures du deuxième âge du fer ; in: (Le) Luxembourg, de la préhistoire au Moyen Âge, Dossiers d'archéologie hors série, Nr. 5, Dijon (Édit. Faton), 1995; Ss. 48-55 (ill.).
  • Le cas du Luxembourg: permanence d'un front d'acculturation ; in: L'archéologie, instrument du politique? - Archéologie, histoire des mentalités et construction européenne; Akte vum internationale 'Colloque' an der Stad (16.-18. November 2005); erausgi vum 'CRDP / Centre Rég. de Doc. Pédag. de Bourgogne' a vu 'Bibracte, Centre archéologique européen', 2006; Ss. 91-105 (ill., Kaarten, Bibliogr.). ISSN 1159-6538
  • (mam Jeannot Metzler an aneren) L'espace public du Titelberg. (2016) T. 1 et 2. Centre national de recherche archéologique, 971p. Dossiers d'archéologie du CNRA – XVII.