Nicole-Reine Lepaute

D'Nicole-Reine Lepaute (Nicole-Reine Étable de la Brière Lepaute), gebuer de 5. Januar 1723 a gestuerwen de 6. Dezember 1788, war eng franséisch Astronomin an der Zäit vun der Opklärung. Hire Mann, de Jean André Lepaute, mat deem si am Joer 1748 bestuet gouf, war kinneklechen Aueremécher. 1762 hat d'Madame Lepaute déi exakt Zäit vun der Sonnendäischtert vum Joer 1764 berechent. Ausserdeem hat si korrekt d'Zréckkomme vum Koméit Halley fir d'Joer 1759 virausgesot.

Nicole-Reine Lepaute
Nicole-Reine Lepaute.jpg
Gebuer 5. Januar 1723
Paräis
Gestuerwen 6. Dezember 1788
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Mathematiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Zesumme mam Alexis-Claude Clairaut an dem Jérôme Lalande hat si un der Berechnung vun der Unzéiung vum Jupiter an dem Saturn op de Koméit Halley geschafft.

Hir zu Éiere gouf den Asteroid (7720) Lepaute[1] an de Moundkrater Lepaute genannt.

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. 7720 Lepaute (4559 P-L) JPL Small-Body Database Browser