Den Nicolas Schummer, gebuer 1913 zu Biissen, an do gestuerwen, war ee vun de Grënner vun der Resistenzorganisatioun Letzeburger Legio'n, an haiteger Schreifweis "Lëtzebuerger Legioun". Hien huet enk mam Aloyse Raths zesummegeschafft.

Nicolas Schummer
Gebuer 1913
Gestuerwen 1982
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler

Bei der fréierer Schräinerei vun de Bridder Pierre an Nicolas Schummer zu Biissen ass e Monument fir d'Lëtzeburger Legioun opgeriicht ginn. Vun der Schräinerei ass hautdesdaags näischt méi ze gesinn.

Hien huet am Zweete Weltkrich matgehollef, Leit an der Schräinerei ënner dem Seemiel ze verstoppen.

Den Nic Schummer gouf 1949 mat der Caroline Reinert, enger gebierteger Beetebuergerin, bestuet an hat mat hir dräi Kanner: de Paul, de Joseph an den Aloyse. Hien huet zäitliewens zu Biissen geschafft a gewunnt. Hie gouf spéiderhin Viraarbechter bei der Arbed. Säi Koseng war de bekannte Moler Michel Stoffel, fir deen hie Rumme gemaach huet.