Nicolas Rothermel

lëtzebuergeschen Apdikter

Den Nicolas Rothermel, gebuer de 5. Abrëll 1805 zu Simmern[1] bei Koblenz, a gestuerwen de 25. Mäerz 1871 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Apdikter[2]. Hien ass den 12. Abrëll 1832 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn, wou hien d'Mouerenapdikt an der Stad Lëtzebuerg vum Albert Lenoël iwwerholl huet[3].

Nicolas Rothermel
Gebuer 5. Abrëll 1805
Simmern
Gestuerwen 25. Mäerz 1871
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter
Famill
Kanner François Rothermel, Louis Charles Rothermel

Hien huet sech den 9. August 1832 mat der Catherine-Hélène Wurth (1808-1836), der Duechter vum Dokter Louis Wurth bestuet. D'Koppel hat zwee Kanner: de François Rothermel (*1833) an de Jules Rothermel (*1835). Den drëtte Bouf, de Louis Charles Rothermel (*1845) war aus engem zweete Bestietnes mat der Virginie Rosset[4].

De François an de Louis Charles goufen allebéid Apdikter; de Jules gouf Affekot a spéider Friddensriichter op der Cap an zu Réimech, duerno Riichter zu Dikrech an an der Stad[5].

Den Nicolas Rothermel war ee vun de Grënner vun der Société des hauts-fourneaux luxembourgeois[6].

Dem Nicolas Rothermel säi Brudder Joseph Rothermel war Apdikter zu Arel[7].

Literatur

änneren
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Mersch, J., 1967. La famille Wurth. Biographie nationale du pays de Luxembourg., fasc. 15: 165-378. [3]
  • Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Grossherzogtum Luxemburg. Hofdruckerei Victor Buck, Luxemburg, 19 S.

Referenzen

änneren
  1. D-56337 Simmern (Rheinland-Pfalz, Westerwaldkreis, Verbandsgemeinde Montabaur). [1]
  2. Liez 1886, S. 116s, Kugener 2005, S. 1334-1335.
  3. Toelle 1920, S. 11.
  4. gebuertsakt. Gekuckt de(n) 21/1/2021.
  5. Mersch 1967, S. 182s.
  6. Arrêté royal grand-ducal du 26 janvier 1870, par lequel est autorisé l'établissement de la Société anonyme dite «Société des Hauts-fourneaux Luxembourgeois». Memorial (I), 1870, S. 41-51. [2]
  7. Kugner 2005, S. 1335.