François Rothermel

lëtzebuergeschen Apdikter


De Jean Mathias François Rothermel, gebuer de 14. Juli 1833 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 1. November 1869[1] zu Esch-Uelzecht war e lëtzebuergeschen Apdikter[2].

François Rothermel
Gebuer 14. Juli 1833
Lëtzebuerg
Gestuerwen 1. November 1869
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter
Famill
Papp Nicolas Rothermel
Geschwëster Louis Charles Rothermel

De François Rothermel ass den 3. Juni 1859 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn a gouf den 20. Juli 1859 autoriséiert, déi éischt Apdikt zu Esch-Uelzecht z'etabléieren[3]. No sengem fréien Doud ass d'Apdikt vum Étienne Welschbillig, deen den 9. Dezember 1842 zu Iechternach gebuer war, iwwerholl ginn, an dee se da spéider u säi Fils Guillaume Welschbillig verkaf huet[4].

De François Rothermel war mat der Céline André bestuet; d'Koppel hat dräi Kanner[5].

Hie war de Jong vum Nicolas Rothermel an de Brudder vum Louis Charles Rothermel.

Publikatioun änneren

Rothermel, F., 1864. Ueber Bieranalysen. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de luxembourg, 1, S. 75-79. [als Facsimile an: Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de luxembourg 1995, No. 1, Numéro spécial.]

Literatur änneren

  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Mersch, J., 1967. La famille Wurth. Biographie nationale du pays de Luxembourg., fasc. 15: 165-378. [1]
  • Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Grossherzogtum Luxemburg. Hofdruckerei Victor Buck, Luxemburg, 19 S.

Referenzen änneren

  1. Luxroots; Gemeng Esch/Uelzecht Stierfregëster 1869, Nr. 64.
  2. Liez 1886, S. 117, Kugener 2005, S. 1335.
  3. Liez 117, Toelle 1920, S. 15.
  4. Toelle 1920, S. 15; Mersch 1967, S. 182.
  5. Mersch 1967, S. 182, Kugener 2005, S. 1335.