Albert Lenoël

lëtzebuergeschen Apdikter

De Pierre Albert Lenoël (Le Noël),[1] gebuer de 26. Mäerz 1774 zu Arel, gestuerwen den 3. Mäerz 1849 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Apdikter.[2]

Albert Lenoël
Gebuer 26. Mäerz 1774
Gestuerwen 3. Mäerz 1849
Nationalitéit Lëtzebuerg

Als jonke Mënsch vu 15 Joer ass den Albert Lenoël op Orval gaangen, fir do an der Abtei Pharmacie ze léieren. No der Zerstéierung vun der Abtei duerch d'Fransousen huet hien a verschiddenen Apdikten als Hëllefskraaft geschafft fir seng Ausbildung fäerdeg ze maachen. 1802 huet hie sech bestuet an duerno zu Virton en eegent Geschäft gegrënnt.[3] Seng Zouloossung als Apdikter, déi an der Stad Lëtzebuerg ausgestallt ginn ass, datéiert vum 30. September 1803.[4] 1817 huet de Lenöel Virton verlooss an an der Stad Lëtzebuerg dem Franz Schauer seng Apdikt, d'Mouerenapdikt, iwwerholl, déi hien duerno op de "Conrotseck" verluecht huet. 1829 war säi Geschäft um Krautmaart. 1832 huet hien d'Mouerenapdikt un den Nicolas Rothermel verkaf a war vun elo u pharmacien sans officine.[5]

Seng Fra, d'Maria Magdalena Genoveva Beyren, ass de 7. November 1864 am Alter vun 83 Joer an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.[6]

Den Antoine Toelle schreift, de Lenoël hätt am Joer 1803 déi Stater Mouerenapdikt gegrënnt.[7] Dat ass en Iertum, dee sech natierlech bei all deenen erëmfënnt, déi sech op den Toelle bezunn hunn.[8]

Literatur änneren

  • Anonym, 1849. Luxemburg, 5. März 1949. Luxemburger Wort 1849, Nr. 29 (9. März), S. 3. [3]
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342.
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Grossherzogtum Luxemburg. Hofdruckerei Victor Buck, Luxemburg, 19 S.

Referenzen änneren

  1. An der Literatur gëtt de Mann och mat dem Virnumm "Alfred" geféiert. Cf. Toelle 1920, S. 11, Kugener 2005, S. 947.
  2. Anonym 1849, Liez 1886, S. 81, Kugener 2005, S. 947.
  3. Anonym 1849.
  4. Mémorial administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1830, S. 71.
  5. Anonym 1849, Kugener 2005, S. 947.
  6. Luxemburger Wort 1864, Nr. 266 (13. November), S. 3 (Civilstand der Stadt Luxemburg: Sterbefälle) [1]
  7. Toelle 1920, S. 11.
  8. Wéi z. B. Jos Massard op wort.lu vum 26. Mäerz 2007. [2]