Nicolas Ernest Barblé

lëtzebuergeschen Ingenieur

De Jean Nicolas Ernest Barblé, gebuer de 17. Mee 1837 zu Éibeng (Belsch) a gestuerwen den 28. September 1915, war en Ingenieur a Politiker.

Nicolas Ernest Barblé
Gebuer 17. Mee 1837
Éibeng
Gestuerwen 28. September 1915
Lëtzebuerg
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Politiker
Famill
Kanner Ernest Barblé, Grégoire Barblé

Hie war vun 1904 bis 1914 Schäffen an der Stad Lëtzebuerg[1].

Den Nicolas Ernest Barblé huet als Ingenieur d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech geplangt an d'Aarbechten dovun iwwerwaacht. Hie war och fir aner Eisebunnsstrecke responsabel, sou z. B. fir d'Streck Lëtzebuerg - Péiteng, den Tunnel bei Habscht, Strecken am Minett, d'Streck Bukarest - Galati a Rumänien (zesumme mat sengem Bouf Grégoire), d'Tramsstreck Den Haag - Scheveningen (Holland),an den Tram vun Oudenaarde (Belsch). Tëscht 1881 an 1888 huet hien an Algerien déi ronn 250 km-laang Streck Mostaganem - Relizane - Tiaret realiséiert[2].

Hie war de Grousspapp vum lëtzebuergeschen Ingenieur Paul Barblé.

Privates

änneren

Den Nicolas Ernest Barblé war mat der Sophie Denis († 15.11.1925) bestuet; d'Koppel krut zwéi Bouwen, de Pierre Joseph Ernest († 2.4.1935) an de Grégoire (1868 – 1936).

Éierungen

änneren

Fir un den Nicolas Ernest Barblé z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 28. Januar 1957 decidéiert, eng Strooss um Belair-Nord no him ze nennen: d'Rue Nicolas Ernest Barblé[3].

Um Spaweck

änneren
Commons: Nicolas Ernest Barblé – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

änneren
  1. (de)Evy Friedrich, Paul Ruppert, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu (1980). Gekuckt de(n) 29.09.2024.
  2. Barblé Ernest, père (Jean-Nicolas Ernest), ingénieur, Luxembourg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 29.09.2024.
  3. (fr)Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 29.09.2024.