Nee oder neen[1] ass déi negativ Äntwert op eng Fro, déi een entweeder positiv oder negativ beäntwerte kann. Dat nennt een eng Entscheedungsfro. „Nee“ ass eng Interjectioun (vergläich: Jo, Vläicht). Déi Beispiller déi elo kommen, verdäitlechen datt den Inhalt vum Wuert jee no Kontext modal opgeluede gëtt an datt d'syntaktesch Funktioun déi vun engem Sazequivalent unhëlt.

Et gëtt déi einfach an déi duebel Negatioun. Am Lëtzebuergesche gëtt heiansdo, wéi och am Däitschen, d'duebel Negatioun (wat logesch eigentlech eng Affirmatioun ass) als verstäerkt Negatioun benotzt.

Äntwerten änneren

Positiv Froen änneren

  • „Nee“ ass de Contraire vu Jo.
    • „Gees de haut an d'Piscine?“ – Äntwert: „Nee!“, oder „Neen, ech ginn haut net an d'Piscine.“
    • „Ass 12 au carré 137?“ – „Neen, 12 au carré ass 144.“ ⇒ Hiweis op ee Feeler („falsch“)

Negativ Froen änneren

  • Bei negative Froen ass „Dach!“ de Contraire vu „Jo“.
    • „Kënns de haut net an d'Piscine?“ – „Dach“ (ech komme mat an d'Piscine).

Bestätegend Äntwert änneren

  • Nee gëtt an der Ëmgangssprooch dacks och als bestätegend Äntwert gebraucht.
    • „Hues du keng Kornischonge kritt?“ – „Nee“ (ech hu keng Kornischonge kritt).

Nach aner Uwendungen änneren

  • Bei munch Riedewendunge gëtt „Nee!“ och als Aworf benotzt, fir eng Ausso als falsch ze kennzeechnen oder fir enger Handlung ze widderspriechen.
    • „D'Stad Lëtzebuerg ass den 11. September 1944 vun den Amerikaner befreit ginn.“ – Aworf: „Nee, se ass den Dag virdrun, den 10. September, befreit ginn!“
    • „Komm mol, an hëllef mer!“ – „Nee!“
  • „Nee!“ kann en Ausruff vum Erstaune sinn.
  • Op Froen, déi en „entweeder - oder“ enthalen, kann een net mat „Nee!“ äntweren.
    • „Kënns de mat, oder bleifs de hei?“ – Dorop kann een net mat „jo“ oder „nee“ äntweren, ouni ze riskéiere mëssverstanen ze ginn.
  • En „Nee“ gëtt a ville Fäll ëmgaangen.
    • „Kënnt der mer wgl. soen, wéi spéit et ass?“ – „Nee!“ wier do ganz onhéiflech. Do muss onbedéngt eng Begrënnung nokommen.

Synonymmer änneren

Ee Synonym fir „Nee“ ass an der Ëmgangssprooch „m!-m!“ oder „ë!-ë!“, woubäi d'Tounlag vum éischten „m“ oder „ë“ méi héich leie muss.

„Dat ass falsch!“, „Dat stëmmt net!“, „Dat ass Kabes!“ an änlech Formuléierungen enthale geneesou eng Negatioun.

E kuerzt Schnalze mat der Zong, vir am Mond, kann och „Nee“ heeschen; dacks schwéngt do och e Virworf mat.

„Jo, jo...“ (mat betounter Gläichgëltegkeet geschwat) kann an der Ëmgangssprooch och heeschen: am Fong Nee.

Kierpersprooch änneren

A ville Länner (mä net Bulgarien oder Griicheland...) kann e kuerzt Rësele vum Kapp no riets a lénks als Ausdrock fir „Nee!“ benotzt ginn.

Aner Sproochen änneren

„Nee“ ass ee Basiswuert a wuel alle Sproochen, aus deem Grond ass et an deene villen entstanene Sproochen dacks ganz änlech, opgrond vu senger Wichtegkeet ass et kuerz, a ka ganz haart a Befeelsform ausgeschwat ginn, dozou e puer Beispiller:

Mä opgepasst: Am Griicheschen heescht „ne“... „Jo“; d'Wuert fir „Nee“ ass ochi.

A ville Sprooche gëllt ee plakegen „Nee“ als sou onhéiflech, datt een e reegelméisseg, mat Hëllef vun engem Euphemismus, ëmschreift.

Logik änneren

„Nee“ kann als Wourechtkeetswäert gebraucht ginn, a kennzeechent d'Falschheet vun engem Ausdrock respektiv d'Net-Zoutreffen, vis-à-vis vun der Wourecht vum Ausdrock (F|W).

Dem Wourechtkeetswert „Nee“ kann een entspriechende Spannungswäert zougewise ginn. E kann och duerch een Zuelewert symboliséiert ginn (z. B. „0“)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (lb)„neen“ - LOD. lod.lu. Gekuckt de(n) 2023-09-02.