Naturschutzgebitt Eechelbuer-Lock

Naturschutzgebitt a prehistoresche Site an der Gemeng Noumer


Eechelbuer-Lock (och alt an der Schreifweis Aechelbur-Lock) oder Op de Leeën[1] ass en Naturschutzgebitt (réserve naturelle), Waasserschutzgebitt, FFH-Gebitt (Fauna-Flora-Habitat-Gebitt) an e prehistorescht archeologescht Gebitt[2] bei Eechelbuer an der Gemeng Noumer.

Naturschutzgebitt Eechelbuer-Lock
Land Lëtzebuerg
Plaz Eechelbuer
Koordinaten 49°48'13,00"N, 6°11'16,84"O
Status Klasséiert Monument

Bei archeologeschen Ausgruewungen am August a September 2002 konnte verschidde mënschlech Aktivitéiten an der Virgeschicht an an der Fréigeschicht nogewise ginn. De Site ass scho viru méi wéi 10.000 Joer vun de Jeeër a Sammler aus der Mëttelsteenzäit opgesicht ginn, et war an de Koffer-, Bronze- an Eisenzäit eng Kultplaz an e Kierfecht a vun der Réimerzäit un, bis an eis Zäit eran, gouf en als Steekaul benotzt[1].

D'Gebitt zielt zënter dem 20. November 1972 zu de klasséierte Monumenter zu Lëtzebuerg[3].

Geographie a Geologie[4]

änneren

D'Lock ass den héchste Punkt (ronn 350 m iwwer dem Mier) vun enger breeder, fräier Héicht am Nordweste vun Eechelbuer, um CR119 SchrondweilerFiels, ongeféier an der Mëtt tëscht béiden Uertschaften. Am Oste geet se an e Bësch iwwer, am Westen a Südwesten dominéiert se ë. a. den Uelzechtdall an d'Landschaft ëm den Helperknapp. Am Nordosten, méi wäit ewech, hanner Miedernach, mécht eréischt de Bord vum Beeforter Plateau den Horizont zou.

Geologesch besteet d'Lock aus Lëtzebuerger Sandsteen, mat enger dënner Schicht vun diluvialen Oflagerungen drop. Se bilt eng trapezfërmeg Fläch, där hir Säiten ongeféier 190, 120, 160 a 65 m grouss sinn. Op verschidde Plazen, besonnesch am südlechen Deel, gëtt et dicht Gënzenhecken. De Rescht ass mat Heed bedeckt oder nëmme liicht bewuess.

Iwwer dat ganzt Gebitt sinn eng 40 Fielsbléck vu verschiddene Form a Gréisste verstreet.

Alles zesummen, d'Lag, d'Form, d'Buedemaart, déi eenzel Fielsen a besonnesch dem „Champignon-Fiels“ maachen d'Lock esou besonnesch.

De Champignon-Fiels ass hei zu Land en eenzegaartegen a monumentale Fiels, deen am ënneschten Deel aus méi mëlle Sandsteenschichte besteet, wéi deen ieweschten, an deemno mat der Zäit duerch d'Verwitteren och méi séier ewechgespullt gouf.[5]

Geschicht

änneren

Mesolithikum (10000 bis 5400 v. Chr.)

änneren

Bei den Ausgruewunge vun 2002 sinn an engem Beräich vum Lock Stécker fonnt ginn (kleng Feilspëtzten aus Silex, Krazen, eng poléiert Plack aus Quaarzit fir Kären a Kraider ze zerstoussen a Silexlamellen), déi drop hiweisen, datt d'Jeeër a Sammler d'Plaz eventuell als Juegdopenthalt benotzt hunn.[1]

Enn vun der Bronzezäit (1250 bis 750 v. Chr.)

änneren

An der Bronzezäit ass e Brauch entstane fir déi Doudeg ze verbrennen an a grousse Griewerfelder, de sougenannten Urnefelder, ze begruewen. Bei de Gruewunge vun 2002 si vill Schierbele vu Kréi aus dëser Zäit fonnt ginn.[1]

Am Lock gesäit een op anere Fielse ronderëm de Champignon besonnesch Schläifrillen, Fueren, Rëtschfouen, Steebrochspueren, Kaulen a symboleschen Zeechen am Sandsteen, déi drop hindeiten, datt op dëser Plaz scho virun 3.000 Joer Mënschen am Stee musse geschafft hunn.[5]

Den Ernest Schneider (1885 – 1954) huet d'Gravuren am Lëtzebuerger Sandsteen – absënns déi am Lock – wëssenschaftlech dokumentéiert a publizéiert[6].

Eisenzäit (750 bis 52 v. Chr.)

änneren

Déi regional Laufelder Kultur aus dem Museldall, dem mëttlere Rhäindall an dem Zentrum vu Lëtzebuerg, markéiert den Ufank vun der éischter Eisenzäit. Si ass virun allem duerch Begriefnisplaze bekannt. Aus dëser Kultur eraus huet sech d'Honsréck-Äifel-Kultur entwéckelt, déi sech op deem selwechte Gebitt ausgebreet huet.

An der zweeter Eisenzäit huet d'Lëtzebuerger Regioun weider zur Honsréck-Äifel-Kultur gehéiert, ier déi am Kulturkrees vun den Treverer opgaangen ass. Opgrond vun de Schierbelen déi „op de Leeën" fonnt goufen, schéngen déi fréigeschichtlech Aktivitéiten op eng Begriefnisaktivitéit hinzedeiten (Äschenurnen, Dolia).

Den Numm „Lock“

änneren

D'Wuert Loch steet an der aler schottesch-gälescher Sprooch fir e Séi a gëtt am Englesche mat lake iwwersat, oder méi generell mat “a body of water”, enger Plaz, wou d'Waasser sech sammelt (Mouer, Supp, …). Dat englescht Wuert lake kënnt vum alfranséische lack (fréier nach mat <ck> geschriwwen), wat sengersäits vum laténgesche lacus kënnt, wat en Dëmpel oder e Weier bezeechent huet.[5]

Duerch d'Weiderentwécklung vun der Sprooch ass aus dem Loch am mëttelnidderdäitschen a mëttelnidderlänneschen e Lo(c)k ginn, dat et dann och bis op Lëtzebuerg gepackt huet. Flouernimm mat „Loch“ oder „Lock“ gëtt et der eng Rei zu Lëtzebuerg (Im Loch zu Beefort, Kautebaach, Biekerech oder Auf der Lock an der Fiels, In der Lock zu Miedernach, …) an et gëtt se gemenkerhand an de Kalleks- a Sandsteen-Regioune vum Land, op Plaze wou et fréier emol e Gewässer (eng Baach, e Weier, …) gouf oder deelweis hautdesdaags nach gëtt.[5]

Literatur

änneren
  • Schneider, Ernest. Material zu einer archäologischen Felskunde des Luxemburger Landes. Luxemburg: V. Buck, 1939. Print.

Um Spaweck

änneren
Commons: Naturschutzgebitt Eechelbuer-Lock – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Informatiounspanneau vum SSMN op der Plaz
  2. Informatiounen um Panneau op der Plaz
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
  4. Schneider, S. 58
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 (lb)Loch a Lock. https://www.100komma7.lu (29.08.2020). Gekuckt de(n) 08.02.2024.
  6. Detailer an der Literatur