Werbomont
Land: Belsch
Regioun: Wallounien
Provënz: Léck
Gemeng: Ferrières
Awunner
Geographesch
Koordinaten
:
50° 22’ 51’’ N
      05° 40’ 53’’ O

Werbomont op Wallounesch Werbômont ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Ferrières am Süde vun der Provënz Léck.

Et ass déi südlechst Uertschaft an der Gemeng a läit op engem Plateau op enger Héicht vu ronn 430 Meter.

An der Uertschaft kräize sech d'Nationalstroossen N66 an N33. Nërdlech vu Werbomont op 200 Meter ass eng Sortie vun der Autobunn A26 (E25).

Werbomont war bis zur belscher Gemengereform am Joer 1977 eng eegestänneg Gemeng.

Monument als Erënnerung un d'Amerikanesch Befreiungsaktioun 1944 zu Werbomont