Natalja Wladimirowna Poklonskaja

ukrainesch an duerno russesch Juristin a Politikerin

D'Natalja Wladimirowna Poklonskaja (rus. Наталья Владимировна Поклонская, oder ukr. Наталія Володимирівна Поклонська - Natalija Wolodymyriwna Poklonska), gebuer den 18. Mäerz 1980 zu Michajliwka bei Luhansk, Ukrainesch SSR[1], ass eng ukrainesch an duerno russesch Juristin a Politikerin.

Natalja Wladimirowna Poklonskaja
an der Duma 2016
Gebuertsnumm Наталья Владимировна Дубровская
Pseudonym Няш Мяш
Gebuer 18. Mäerz 1980
Mychajliwka
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Politiker
Partei Onofhängeg, parteionofhängeg
Famill
Kand onbekannt
D'Poklonskaja bei enger Reunioun vun der Generalstaatsanwaltschaft 2015

Den 11. Mäerz 2014 gouf se Procureure vun der Krim. Eng Pressekonferenz déi s'am Kader vun hirer Ernennung ginn hat huet en Internet-Phenomeen ausgeléist. Gutt zwee Joer drop gouf se bei de russesche Parlamentswalen an d'Duma gewielt.

Liewen änneren

Déi éischt zéng Joer vun hirem Liewen huet s'an engem Duerf an der Oblast Luhansk gelieft, 1990 ass dunn hir Famill op Jewpatorija op d'Krim geplënnert[2]. 2002 mécht se do hir Universitéit fäerdeg.

Vun 2002 bis Februar 2014 huet s'op verschiddene Plazen an der Ukrain um Parquet geschafft, zu lescht als stellvertriedende Bezierksprocureur zu Kiew. 2011 huet se zu Simferopol an engem mediatiséierte Prozess d'Uklo géint de Ruwim Aronow vertrueden, e fréieren Deputéierte vum Parlament vun der Krim, dee beschëllegt gouf, Member an der bewaffneter Band "Baschmaki" gewiescht ze sinn, a Muerde kommandéiert ze hunn, déi mat Grausamkeet begaange goufen[3],[4].

De 25. Februar 2014 huet d'Poklonskaja hire Récktrëtt vum Parquet erkläert, mat follgender Begrënnung: "Ech schumme mech, an engem Land ze liewen, an deem Banditte fräi op de Stroossen dorëmmer lafen“[5] (eng Uspillung op de radikalen Deel vun den Demonstrante beim Euromaidan).

Hire Récktrëtt gouf net akzeptéiert, mä se gouf an d'Vakanz geschéckt. Si huet Kiew verlooss an ass op d'Krim gaangen, wou hir Elteren nach ëmmer gelieft hunn. Zu Simferopol huet se der Regierung vun der Krim hir Hëllef ugebueden.[6]

Wéi den neie Regime vun der Autonomer Republik Krim d'Onofhängegkeet vun der Ukrain ugestrieft huet, huet de Procureur Général d'État Wjatscheslaw Pawlow säi Récktrëtt erkläert. De 11. Mäerz 2014 gouf d'Poklonskaja op déi Fonctioun genannt, nodeems 3-4 männlech Vertrieder vum Parquet declinéiert haten[7].

Als Reaktioun dorop huet d'Féirung zu Kiew si entlooss a wéinst Héichverrot ugeklot[8], an d'EU huet hir am Kader vun den anti-russesche Sanktiounen en Areesverbuet ausgesprach[9].

Nom Referendum an dem Bäitrëtt vun der Krim zu Russland gouf de 25. Mäerz hir Ernennung vun der russescher Administratioun confirméiert[10].

Nodeems se bei de russesche Parlamentswalen an d'Duma gewielt gouf, huet se de 27. September 2016 als Procureure demissionéiert.

Si ass als fanatesch Veréierin vum leschten Zar Nikolai II., als Hellegen, bekannt[11],[12], wouduerch se ë. a. souguer fir radikal Moossstief onverhältnesméisseg vehement géint de Film Matilda virgaangen ass, deen eng Affär vum Zar thematiséiert[13].

D'Poklonskaja ass gescheet an huet eng Duechter Anastassija (* 2005)[14].

Internet-Phenomeen änneren

 
Beispiller vu Fan-Art am Manga-Stil iwwer d'Poklonskaja (2016)

No hirer Ernennung als Procureure vun der Krim huet d'Poklonskaja den 11. Mäerz 2014 eng Pressekonferenz gehalen, vun där e Video ouni Ënnertitel op e japanesche YouTube-Kanal eropgeluede gouf. Well hiert Ausgesinn de Schéinheetsidealer a Stereotyppe vu weibleche Manga-Figuren entsprécht, gouf se doduerch séier zu engem Internet-Phenomeen. Si war stënterlech Gespréichsthema a Fore wéi Reddit[15], 4chan, Weibo a VKontakte, an déi asiatesch Internetgemeinschaft huet ugefaangen, Fan-Art vun hir am Manga- an Anime-Stil ze verbreeden.[16]

Wéi d'Poklonskaja bei Interviewen no hirer Meenung iwwer d'Fan-Arts gefrot gouf, sot se si wier eréischt duerch hir Duechter dovu gewuer ginn, déi mat hiren deemools 9 Joer doriwwer ganz aus dem Haische wier, mä si selwer hätt ze vill ze di fir deem iwwerhaapt Opmierksamkeet ze schenken, an all d'Konten déi op de sozialen Netzwierker ënner hirem Numm gefouert géife, wieren net hir. Ëffentlech Persoune géifen dacks gezeechent ginn, dat kéint een net evitéieren.[2],[17]

De 16. Abrëll 2014 huet de YouTuber Enjoykin eng Videomontage gemaach, mat Fragmenter vu verschiddenen Interviewe vun der Poklonskaja a Fan-Art. En huet dobäi Sazdeeler, déi d'Poklonskaja wierklech gesot huet, nei zesummegesat, an als musekalesch Basis d'Daft Punk Lidd Instant Crush geholl. D'Resultat dovun ass d'Lidd "Njasch Mjasch" (Nyash Myash), dat bannent 5 Deeg 5,8 Millioune Mol op YouTube gekuckt gouf an an där Rapiditéit souguer westlech professionell Musekclipen hannert sech gelooss huet.[18],[19] Bis Enn 2017 gouf d'Lidd ëm déi 37 Millioune Mol gekuckt. "Njascha" oder "Njaschka" ass e Wuert aus dem russeschen Anime-Jargon, dat vum japanesche Laut "nja" ("Miau") ofgeleet ass, a gebraucht gëtt fir léif flott (Anime-)Meedercher ze bezeechnen[20]. Sou och geschitt a Bezuch op d'Poklonskaja. An engem Interview huet déi dat weiter verformt fir ze soen datt si dat ganzt "njasch-mjasch" kal léisst, wat dem Enjoykin du säi Refrain ginn huet.

D'Poklonskaja ass nach de Sujet vun enge sëllegen anere Lidder, ernimmt sief just nach den Titel "Ach, kakaja njasch, prokuror Natascha!" (Ах, какая няша, прокурор Наташа!) vum Odessaer Museker Slawa Blagow, deen et op YouTube bannent e puer Deeg ëmmerhin op méi wéi 100.000 Zougrëff bruecht huet[21].

2014 war d'Poklonskaja bei Google déi 7.-meeschtgesicht Persoun a Russland[22] an déi 8.-meeschtgesicht Persoun an der Ukrain[23], a souguer d'Medien an den USA an an Europa si bal méi op d'Massephenomeen ronderëm hir Attraktivitéit agaange wéi op hir politesch Brisanz[24],[25].

Um Spaweck änneren

Commons: Natalja Wladimirowna Poklonskaja – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Interview mam Natalja Poklonskaja, Komsomolskaja Prawda 21.03.2014
  2. 2,0 2,1 Новый прокурор Крыма Наталья Поклонская: «Поклонники не звонят, я ведь не супермодель!», Komsomolskaja Prawda, 23.03.2014
  3. Осужденный по делу ОПГ «Башмаки» назвал Поклонскую уникальным человеком, vz.ru. 29.03.2014
  4. Как новый прокурор Крыма Наталья Поклонская стала популярным героем аниме, dp.ru. 26.03.2014
  5. Fahndung nach dem Sexsymbol der Krim-Annexion, Die Welt 26.03.2014
  6. Прокурор республики, Rossijskaja gaseta 20.03.2014
  7. Наталья Поклонская: О том, что стала героиней аниме, узнала от дочери. Лучше бы люди оценили мою работу, Komsomolskaja Prawda, 22.03.2014
  8. Japan: Crimean attorney general inspires anime fan art, BBC 20.03.2014
  9. Russia disappointed over additional EU sanctions, RT 13.05.201
  10. Russia confirms web sensation Natalya Poklonskaya as prosecutor in Crimea, AFP 25.03.2014
  11. Поклонская сделала Николая Второго участником «Бессмертного полка», MK.ru 09.05.2016
  12. Внучка Николая II, Radio Swoboda 10.05.2016
  13. Поклонская рассказала об "общении" с Николаем II, RIA Nowosti 26.09.2017
  14. Дочь Натальи Поклонской спела в хоре для прокуроров, 1tvnet 12.01.2015
  15. Reddit-Grupp "Our Majesty, Immortal Empress, St. Natalia Poklonskaya"
  16. Crimea's Attorney General Natalia Poklonskaya Goes Viral In China And Japan, International Business Times 20.03.2014
  17. Crimean attorney general responds to the Internet’s attempts to turn her into an anime character, Rocketnews24. 27.03.2014
  18. Няш, мяш, Крым наш, Zvuki.ru 21.04.2014
  19. Клип про Поклонскую набрал почти 6 миллионов просмотров, Argumenty i fakty 21.04.2014
  20. няшка am Wiktionary
  21. Одесский музыкант сделал клип о Наталье Поклонской, который сразу стал хитом интернета, Komsomolskaja Prawda 28.03.2014
  22. Люди года 2014, Google Trends Russland
  23. Людина року 2014, Google Trends Ukrain
  24. US Sanctions Russian Sex Symbol, New York Observer 21.12.2014
  25. Krim-Oberstaatsanwältin wird zum Sex-Symbol in Japan, Focus Online 23.03.2014