Andy Genen

lëtzebuergesche Comiczeechner
(Virugeleet vu(n) ND Genen)

Den Andy Genen, gebuer den 22. Abrëll 1979 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Comiczeechner a publizéiert ënner sengem Numm oder ënner sengem Label ND!.[1] Heiansdo ënnerschreift en och mat "Happy ant".

Andy Genen
Andy Genen.jpg
Pseudonym -ND!-, -ND!- Genen
Gebuer 22. Abrëll 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Comicauteur
Famill
Papp Albert Genen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Andy Genen ass professionellen Zeechner an huet säin Atelier zu Bréissel. Ee vu sengen éischten Optrëtter an der Ëffentlechkeet war eng Planche, déi am Superjhemp-Album De Fluch vun der 23 vum Roger Leiner a Lucien Czuga publizéiert gouf. Duerno ass an der Revue den éischten Deel vun der Bande dessinée De leschte Ritter publizéiert ginn. Den Zeenario fir déi BD an 3 Deeler ass vum Lucien Czuga.

Den Andy ass de Jong vum Albert Genen.

WierkerÄnneren

  • 2005 - De leschte Ritter 1 (De Schatz vun Draachesteen) - Éditions Revue (Bd)
  • 2006 - Happy anthology - The art of ND! - Happy ant studios - 2006
  • 2007 - De leschte Ritter 2 (De Schwuer vun den Tempelritter) - Éditions Revue (Bd)
  • 2007 - Sasquatch - Viper Comics (USA) - Bande dessinée (Anthologie)
  • 2007 - Outline 1 - Verlag TheNextArt - Bande dessinée (Anthologie)
  • 2008 - Outline 2 - Verlag TheNextArt - Bande dessinée (Anthologie)
  • 2009 - De leschte Ritter 3 (D'Reider vun der Apokalypse) - Éditions Revue (Bd)
  • 2012 - De roude Puma - Éditions Schortgen
  • 2013 - Gefaangen an der Diddelenger Geschicht - Band 2 - Éditions Schortgen (zesumme mam Rech John)
  • 2015 - De Roude Puma an de Superjhemp krossen ouwer! - De Verlaach
  • 2016 - Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch - Band I - Griicheland - Editioun Friederich-Schmit
  • 2017 - Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg - Band 1 - Éditions Revue, Editioun Friederich-Schmit
  • 2017 - Dem Junior seng Aventuren - Band 3 - Éditions Schortgen (zesumme mam Rech John)

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Biographie vum Andy Genen op der Websäit vum Festival international de la bande dessinée à Contern