Jean-Paul Olinger (Ekonomist)

lëtzebuergeschen Ekonomist
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Ekonomist Jean-Paul Olinger. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Paul Olinger.

De Jean-Paul Olinger, gebuer de 5. Juni 1978 zu Esch-Uelzecht[1] ass e lëtzebuergeschen Ekonomist. Hien ass zanter … 2024 Direkter vun der Steierverwaltung[2].

Jean-Paul Olinger
Gebuer 5. Juni 1978
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun HEC Lausanne,
Universitéit Mannheim
Aktivitéit Ekonomist

Studium a Karriär änneren

De Jean-Paul Olinger huet vun 1997 bis 2002 op der HEC zu Lausanne Ekonomie studéiert a säi Studium mat engem Master of Science ofgeschloss. Duerno (2002 – 2003) huet hien op der Universitéit Mannheim e Master an der internationaler Wirtschaft, dem Handel an dem Handeslrecht gemaach a vun 2022 bis 2024 nach en TRIUM Global Executive MBA ofgeschloss[3].

Hien huet vun 2005 bis 2017 bei KPMG Luxembourg geschafft. Am Januar 2018 ass hie bei d'UEL gewiesselt, wou en ufanks Generalsekretär a méi spéit Direkter a President vum Exekutivkommitee war. Hie war zur selwechter Zäit och Direkter vum INDR[2].

Enn Abrëll 2024 huet hie seng Funktioune bei der UEL an dem INDR opgi fir vum … un Direkter vun der Steierverwaltung ze ginn.

Referenzen änneren

  1. F2065 – Union des Entreprises Luxembourgeoises, lbr.lu
  2. 2,0 2,1 (fr)Jean-Paul Olinger directeur de l’Administration des contributions directes. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-22.
  3. (en)Jean-Paul Olinger. www.linkedin.com. Gekuckt de(n) 22.02.2024.