Muse ass eng englesch Rockgrupp, déi 1994 gegrënnt gouf.

Muse
Museksgenre Rockmusek, Progressive Rock, Symphonic Rock, Hard Rock, Alternative Rock, Alternative Metal
Land Vereenegt Kinnekräich
Grënnung 1994
Websäit muse.mu
Memberen Matthew Bellamy (Gesank, Leadgittar, Piano, Synthesizer)
Dominic Howard (Batterie)
Christopher Wolstenholme (Bass, Piano, Rhythmusgittar, Mondharmonika, Hannergrondgesank)

Geschicht änneren

Muse gouf a Südengland an der klenger Uertschaft Teignmouth gegrënnt, wou déi dräi Museker sech kennegeléiert hunn. Den Dominic Howard an de Matthew Bellamy hu sech scho vun hirer vireger Band Gothic Plague hier kannt.

Si hunn duerno zesumme mam Christopher Wolstenholme d'Band Rocket Baby Dolls gegrënnt, déi spéider a Muse ëmgedeeft gouf. Hir éischt Optrëtter hate si an engem Boxring, deen hinnen an hirem Lycée als Bün gedéngt huet. Spéider hu si als Muse d'EP'en Muse (1998) a Muscle Museum (1999) erausbruecht, déi e relativ grousse Succès haten.

Uganks 1999 gounge si zeréck an de Studio fir Showbiz opzehuelen. Domat ass Muse grouss erauskomm a si sinn op hir éischt Welttournée gaangen. No dëser laanger Tournée gounge si zeréck an de Studio fir Origin of Symmetry (2001) opzehuelen. Bei hire Studiosessions waren ëmmer grouss Produzente bedeelegt, déi och scho fir Pink Floyd a Radiohead un de Reegler souzen. Dësen Album, dee gelueft gouf fir säi bombastesche Klang, huet Muse definitiv ob den Zenit vun de Rockbands bruecht.

Den Album Absolution (2003) gouf méi vu klassescher Musek beaflosst, mat Sträichinstrumenter op Lidder wéi Butterflies and Hurricanes, a war den éischte vun hire siwen Albumen, déi et noeneen op déi éischt Plaz an de brittesche Musekscharts gepackt hunn.

Op Black Holes and Revelations (2006) goufe méi Elementer aus der elektronescher Musek an der Popmusek agebonnen, wéi dat ënner anerem bei dem Extrait Supermassive Black Hole ze héieren ass, an huet der Band weidere weltwäite Succès bruecht. Op den Albumen The Resistance (2009) an The 2nd Law (2012) huet Muse d'Themen vun der Ënnerdréckung duerch d'Regierung a Biergeropstand exploréiert. Hir Tournéeën hunn och hire Status als eng vun de Bands, déi déi beschten Stadiumsconcerte ginn, weider zementéieren.

De siwente Studioalbum vu Muse mam Titel Drones (2015) huet et op déi éischte Plaz vun den US-amerikaneschen Albumcharts gepackt. Et ass e Konzeptalbum iwwer Krichsféierunge mat Hëllef vun Dronen a bréngt e méi haarde Rocksound zeréck. Dogéint stinn um aachte Studioalbum Simulation Theory (2018) éischter d'Synthesizer am Vierdergrond. En ass vun der Science-Fiction an der Simulatiounshypothees inspiréiert.

Den Album Will of the People, dee vill Genren an Theme vun hire fréieren Albumen kombinéiert, koum 2022 eraus.

Muse huet eng sëllege Musekspräisser gewonnen, dorënner two Grammy Awards, zwee Brit Awards, a fënnef MTV Europe Music Awards.

Verschiddenes änneren

 
MUSE, 2010 zu Melbourne an Australien.
  • Den däitschen MTV Moderator Markus Kavka sot eng Kéier iwwer Muse si wieren déi eenzeg Band, bei där een de Sänger net kéint vun der E-Gittar ënnerscheeden.
  • All d'Muse-Membere ware scho mat 12 Joer an enger Band.
  • De Christopher Wolstenholme huet am Ufank Batterie gespillt an ass duerno eréischt op de Bass gewiesselt.

Discographie änneren

Studioalbumen änneren

  • 1999: Showbiz
  • 2001: Origin of Symmetry
  • 2003: Absolution
  • 2006: Black Holes And Revelations
  • 2009: The Resistance
  • 2012: The 2nd Law
  • 2015: Drones
  • 2018: Simulation Theory
  • 2022: Will of the People

Livealbumen änneren

  • 2008: HAARP
  • 2013: Live at Rome Olympic Stadium

Single-Auskopplungen (Auswiel) änneren

  • 1999: Uno
  • 1999: Cave
  • 1999: Muscle Museum
  • 2000: Sunburn
  • 2000: Unintended
  • 2001: Plug In Baby
  • 2001: New Born
  • 2001: Bliss
  • 2001: Hyper Music / Feeling Good
  • 2002: Dead Star / In Your World
  • 2003: Time Is Running Out
  • 2003: Hysteria
  • 2004: Sing for Absolution
  • 2004: Butterflies and Hurricanes
  • 2006: Supermassive Black Hole
  • 2006: Starlight
  • 2006: Knights of Cydonia
  • 2009: Uprising
  • 2009: Undisclosed Desires
  • 2010: Neutron Star Collision (Love Is Forever)
  • 2012: Survival
  • 2012: Madness
  • 2013: Supremacy
  • 2015: Dead Inside
  • 2015: Mercy
  • 2016: Reapers
  • 2017: Dig Down
  • 2018: Thought Contagion
  • 2018: Something Human
  • 2022: Won't Stand Down

Um Spaweck änneren

Commons: Muse – Biller, Videoen oder Audiodateien