Dron

onbemannt Loftgefier

Dron ass déi ëmgangssproochlech Bezeechnung fir e Loftgefier ouni Equipage u Bord ((en) unmanned aerial vehicle, gekierzt UAV; (fr) aéronef sans équipage à bord). D'Steierung an d'Navigatioun vun der Dron sinn entweeder ferngesteiert, iwwert e virprogramméierte Fluchtrajet oder komplett autonom.

D'Dron selwer, hire Betribssystem grad wéi all anert Ekipement dat vum Pilot gebraucht gëtt fir d'Dron ze benotzen (Steierungsunitéit, eventuellt Katapult fir d'Dron an d'Luucht ze schéissen, …) gëtt als „System vun engem Loftgefier ouni Equipage u Bord“ ((en) unmanned aerial system, gekierzt UAS; (fr) système d'aéronef sans équipage à bord) bezeechent.[1]

Geschicht

änneren

De Begrëff Dron gouf fir d'éischt am Joer 1936 am Kontext vun onbemannte Loftgefierer fir Zildrone benotzt an huet sech zënterhier verbreet. An der militärescher Loftfaart ass de Begrëff ufanks fir onbemannt Loftgefierer gebraucht ginn, déi hir Missioun automatesch an ouni extern Steierung ausféieren.

Onbemannt, ferngesteiert Loftgefierer ginn zënter dem fréien 20. Joerhonnert fir verschidden Zwecker benotzt. Iwwerdeems ufanks just experimentéiert gouf, si mam Ufank vum Kale Krich dunn awer militäresch Aufgaben iwwerholl ginn. Am Ufank sinn d'UAVe weiderhin als Zildrone fir d'Simulatioun vu Loftofwieraktivitéite gebraucht ginn, ier se och fir d'militäresch Opklärung agesat goufen.

Well se reegelméisseg fir dat kontroverst „geziilt Doutmaachen“, absënns de geheimen US-Operatiounen a Pakistan, agesat goufen, sinn d'UAVen zu engem Thema vum ëffentlechen Interessi ginn. Wat déi kleng, präiswäert UAVen ëmmer méi fir kommerziell a staatlech Operateuren an awer och fir Privatpersounen opkomm sinn, wat d'Theeme vun der informationeller Selbstbestëmmung an dem Dateschutz eng nei Bedeitung kritt hunn.

Klassifikatioun

änneren

Militäreschen Asaz

änneren
 
Militäresch Dron vun der Lëtzebuerger Arméi

Zu de militäreschen Drone gehéieren ë. a.:

  • Mikro- a Mini-Dronen, déi meeschtens net ganz autonom sinn, an déi dacks d'Roll vun enger „Spektiv op Distanz“ spillen, zum Beispill fir en Hindernis am Fluch oder eng Risikozon z'observéieren;
  • TUAV ((en) tactical unmanned air vehicle) oder VTOL ((en) vertikal take-off and landing): taktesch Dronen, déi fir de militäreschen (takteschen) Asaz bestëmmt sinn. Vill vun de TUAVe schéngen awer och baussent dem Militär benotzt ginn, zum Beispill bei der Garde-côtes, der Grenziwwerwaachung oder dem Zivilschutz;
  • MALE ((en) medium altitude long endurance): strategesch Dronen déi op mëttlerer Héicht fléien an eng laang Fluchzäit hunn;
  • HALE ((en) high altitude long endurance): strategesch Dronen déi op enger Héicht vu méi wéi 15 km fléien an eng laang Fluchzäit hunn;
  • UCAV ((en) unmanned combat air vehicle): Kampfdronen. Et si Waffesystemer déi ëmmer méi a militäresche Konflikter agesat ginn. Am Joer 2012 huet d'US Air Force fir d'éischt Kéier méi Dronepiloten trainéiert wéi Pilote fir Kampfjets a Bomberen. UCAVe goufen a verschiddene Konflikter erfollegräich géint technesch manner gutt equipéiert Géigner agesat, z. B. am Afghanistan an am Irak. Déi grouss Kampfdrone kënne mat enger moderner konventioneller Loftofwier bekämpft ginn. D'Ukrain hat uganks vum russeschen Ugrëff e grousse Succès mat der Bayraktar TB2, awer nëmme soulaang bis Russland seng Loftofwier nei organiséiert hat;
  • Loitering weapon ((en) fir „Waff déi lauert“) oder loitering munition, ëmgangssproochlech Kamikaz-Drone genannt: Dronen déi mat engem Sprengkapp equipéiert sinn an explodéiere wa s'op de Buedem falen.

Zivillen Asaz

änneren
 
Eng „DJI Mini 4 Pro”-Dron fir de private Gebrauch

Wat de kommerzielle Gebrauch vun Drone grad wéi dee vun Dronen déi Fotoen a Filmopname maache kënnen ugeet, an déi ëmmer méi vu Privatleit gebraucht ginn, sou stelle sech nei juristesch Froen am Zesummenhang mam Gebrauch vum Loftraum an dem Schutz vun der Privatsphär.

Am Februar 2019 waren an Däitschland ronn 455.000 Dronen a privaten Hänn an der ronn 19.000 am kommerziellen Asaz

Fir den ziville Gebrauch kënnen Dronen ë. a. agesat ginn:

  • an der Landwirtschaft fir ë. a. géint Schädlinge virzegoen oder fir Wëld ze retten;
  • an der Logistik fir Wueren ze transportéieren;
  • bei de Medien, wou Dronen ëmmer méi benotzt gi fir Fotoen, Filmer a Videoen aus der Loft ze produzéieren;
  • bei ONGen;
  • bei staatlechen Institutiounen, wéi der Police, de Pompjeeën, am Rettungs- oder Gesondheetswiesen;
  • am Bauwiesen, z. B. fir Schantercher ze plangen oder ofzesécheren oder Lagepläng opzestellen;
  • an der Vermiessung, z. B. fir Flächen- oder Volumeberechnung am Stroossebau;
  • an der Industrie, bei Inspektiouns- an Entretiensaarbechten;
  • an der Wëssenschaft, z. B. an der Atmosphär- a Weltraumfuerschung oder der Archeologie
  • fir den Dronesport.

Juristesch Situatioun fir zivil Dronen

änneren
  D'Explikatiounen hei drënner bezéie sech am Prinzip op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Bannent der EU gëtt déi onbemannt Loftfaart, mat engem Schwéierpunkt op en eenheetlechen a séchere Betrib vun dëse Gefierer, vum Exekutiounsreglement 2019/947 (och nach EU-Dronereglement genannt) gereegelt. Zu Lëtzebuerg gëllt d'Reglement zënter dem 1. Juli 2022[2].

Kategorien

änneren

Dem Reglement no falen d'UAS-Operatiounen ënner eng vun de follgende Kategorien:

Kategorie Konditioun(en)
Oppe Kategorie

((en) open category)

De Bedreiwer vum UAS brauch weeder eng Betribsgeneemegung ((fr) autorisation d'exploitation) nach eng Betribsdeklaratioun ((fr) déclaration d'exploitation) ier e mat dem UAV flitt.

Dës Kategorie bezitt sech op Dronen:

  • mat enger Startmass vu manner wéi 25 kg,
  • déi op Siicht fléien an héchstens bis 120 m. Héicht an
  • keng geféierlech Gidder transportéieren oder Gidder erofgeheie kënnen.

Wann een eenzege Critère net erfëllt ass, ass eng Betribsgeneemegung néideg, fir dann an der Spezifescher Kategorie ze fléien.[1]

Ënnerkategorien
  • A1: Dron vun der Klass C0 oder C1: manner wéi 250 g Startgewiicht, keen Iwwerfléie vu Persounegruppen.
  • A2: Dron vun der Klass C2: manner wéi 4 kg Startgewiicht, bei normaler Vitess op d'mannst 30 m. horizontal Distanz zu Passanten déi net bedeelegt sinn, oder op d'mannst 5 m. bei niddereger Vitess.
  • A3: Dron vun der Klass C3 oder C4 oder Dron ouni Klass C mat engem Gewiicht tëscht 250 g a 25 kg: op d'mannst 150 m. horizontal Distanz zu Wunn-, Geschäfts-, Industrie- a Fräizäitberäicher.[1]
Spezifesch Kategorie

((en) specific category)

De Bedreiwer brauch entweeder
  • eng Betribsgeneemegung op Basis vum Artikel 12 vum EU-Dronereglement (Risikobewäertung vun der Autoritéit iwwer déi operationell Sécherheetsziler), oder
  • eng Autorisatioun op Basis vum Artikel 16 (op Ufro vun engem Veräin oder enger Associatioun fir Modellfligeren), oder
  • ënner bestëmmten Ëmstänn, eng Deklaratioun vum UAS-Bedreiwer, an där en deklaréiert sech un e Standardzenario ze halen.

Betraff sinn Dronen, deenen hir Charakteristiken iwwer deene vun der oppener Kategorie leien, z. B. wa se net op Siicht fléien, méi wéi 25 kg Startmass hunn, asw.

Zertifiéiert Kategorie

((en) certified category)

Wann den UAS deementspriechend zertifiéiert ass a wann entweeder:
  • eng Usammlung vu Leit iwwerflu gëtt, oder
  • Leit transportéiert ginn, oder
  • geféierlech Gidder transportéiert ginn an am Fall vun engem Accident e grousse Risiko fir Drëttpersoune besteet.

D'Kategorie bezitt sech op grouss a schwéier Dronen, déi z. B. entwéckelt si fir Leit oder geféierlech Gidder ze transportéieren.

Formatioun[3]

änneren

Oppe Kategorie

änneren

Eng theoretesch Formatioun mat Examen, de sougenannten „klengen EU-Dronefürerschäin“ ass fir d'Oppe Kategorie A1/A3:

  • obligatoresch fir Dronen déi als C1, C2, C3 oder C4 klasséiert sinn;
  • recommandéiert fir Dronen déi als C0 klasséiert sinn.

Zousätzlech ass den theoreteschen Examen fir d'Oppe Kategorie A2 („groussen EU-Dronefürerschäin“) obligatoresch fir Dronen déi als C2 klasséiert sinn. Fir UASen déi kee Klass-C-Marquage hunn, ass de „klengen Dronefürerschäin“ obligatoresch fir Drone mat engem Gewiicht tëscht 250 g a 25 kg a recommandéiert fir Dronen ënnert 250 g.

Spezifesch Kategorie

änneren

Fir an der Spezifescher Kategorie no de Standardzenarioen ((en) standard scenarios, STS) ze fléien, ass den theoreteschen a prakteschen STS-Examen néideg fir Dronen déi als C5 oder C6 klasséiert sinn.

Zertifikat

änneren

Wann een de Formatiounsprozess (OPEN A1/A3 an/oder OPEN A2) ofgeschloss huet, kritt een e Certificat als Pilot op Distanz („Drone-Pilotefürerschäin“) ((fr) certificat de pilote à distance) dee 5 Joer gülteg ass.

Umeldung vum UAS-Bedreiwer[4]

änneren

All Bedreiwer vun engem UAS muss sech bei der Direction de l'aviation civile (DAC) umelllen, wann:

  • den UAS méi wéi 250 g weit, oder
  • den UAS manner wéi 250 g weit, a wann
    • en net als Spillsaach ugesinn ass[5],
    • e mat enger Kamera oder Mikro equipéiert ass,
    • den UAS eng kineetesch Energie vu méi wéi 80 Joule iwwerdroe kann (gëllt fir UASen déi méi séier wéi 90 km/h fléien).

D'Drone selwer mussen net ugemellt ginn.

Wann d'Aschreiwungsprozedur ofgeschloss ass, kritt de Bedreiwer en Aschreiwungscertificat ((fr) Attestation d’enregistrement en tant qu’exploitant UAS).

Um Spaweck

änneren
Commons: Dronen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 (fr)Foire Aux Questions. dac.gouvernement.lu (16.09.2024). Gekuckt de(n) 15.11.2024.
  2. (fr)Règlement d'exécution (UE) 2019/947 de la Commission du 24 mai 2019 concernant les règles et procédures applicables à l'exploitation d'aéronefs sans équipage à bord (Texte présentant de l'intérêt pour l'EEE.). data.legilux.public.lu (24.05.2019). Gekuckt de(n) 18.11.2024.
  3. (fr)Où et comment dois-je me former?. dac.gouvernement.lu (18.09.2024). Gekuckt de(n) 18.11.2024.
  4. (fr)Où et quand dois-je m'enregistrer?. dac.gouvernement.lu (18.09.2024). Gekuckt de(n) 18.11.2024.
  5. wann en dem Fabrikant no fir Kanner ënner 14 Joer bestëmmt ass