Musée du Luxembourg
Musée zu Paräis
De Musée du Luxembourg war e fréieren Nationalmusée zu Paräis. E gouf 1818 op Uerder vum Louis XVIII. an der Galerie Médicis vum Palais du Luxembourg, déi vum Rubens dekoréiert gi war, ugeluecht.
Et war den éischte permanente Musée a Frankräich. E gouf 1886 an d'Orangerie vum Palais verluecht.
1939 gouf e mam Musée national d'Art moderne ersat.
Am Gebai ginn haut reegelméisseg temporär Konschtaustellungen organiséiert.