Buzz Aldrin
De Buzz Aldrin, gebuer als Edwin Eugene Aldrin jr. den 20. Januar 1930 zu Glen Ridge am New Jersey, ass en US-amerikaneschen Astronaut. Hien ass beim Gemini programm a beim Apolloprogramm matgeflunn a war den 2. Mënsch um Mound.
Buzz Aldrin | |
---|---|
Gebuer | 20. Januar 1930 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Massachusetts Institute of Technology, United States Military Academy, Severn School |
Aktivitéit | Juegdpilot, Astronaut, Autobiograph, Science-Fiction-Schrëftsteller, Ingenieur, Geschäftspersoun |
Partei | Republican Party |
Member vun | International Academy of Astronautics |
Moundlandung
ännerenVéier Deeg nom Start vun der Apollo 11 de 16. Juli 1969, den 20. Juli um 20:17 UTC ass d'Landemodul "Eagle" op der Moundsurface am Mare Tranquillitatis ukomm. Den 21. Juli um 2:56 UTC ass den Neil Armstrong aus dem Landemodul erausgeklommen an huet als éischte Mënsch e Fouss op en aneren Himmelskierper gesat. Den Aldrin koum him 19 Minutten drop no.
Déi zwéin hunn en amerikanesche Fändel opgestallt, Moundgestengprouwe gesammelt a wëssenschaftlech Instrumenter opgeriicht. De ganzen Aussebordasaz gouf gefilmt an deelweis live iwwer Tëlee op d'Äerd iwwerdroen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Buzz Aldrin – Biller, Videoen oder Audiodateien |