Giewelrelief
E Giewelrelief ass eng Dekoratioun an dräi Dimensiounen, déi an engem Fassadegiewel ageschafft gouf.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8e/Giewelrelief-Gemeng-Esch--w.jpg/370px-Giewelrelief-Gemeng-Esch--w.jpg)
Jee nodeem wéi wäit d'Figuren aus der Grondfläch erauskucken, geet et ëm e Flaachrelief, en Hallefrelief oder en Héichrelief.
Am meeschten ze fanne sinn dräieckeg Giewelrelieffen.