De Félix Louis Liedel gebuer den 29. Juli 1888 a gestuerwen de 26. oder de 27. Juni 1914 zu Arel war e belsche Militärpilot a Fluchpionéier. De Félix Liedel war mat sengem Fliger engem Farman-Jéro, no sengem Start um Fluchfeld bei Walzeng, an der Géigend vu Maartel erogefall. Dobäi gouf hie sou schwéier blesséiert, datt hen zwéin Deeg duerno am Militärspidol zu Arel gestuerwen ass.

Fir un hien an un aner Piloten aus der Provënz Lëtzebuerg gouf zu Arel e Monument zu hiren Éieren opgeriicht.

A senger Heemechtsgemeng gouf déi fréier Meirstraat a Rue Lieutenant Liedel / Luitenant Liedel Straat ëmgedeeft mat der Bemierkung um Stroosseschëld: Aviateur mort pour la vulgarisation de l'Aviation / Vliegenier gestorven voor de vooruitgang van de vliegkunst.

Um Spaweck änneren