Monument Abbé Dossogne

Krichsmonument an der Gemeng Jalhay

D'Monument Abbé Dossogne ass e Monument zu Tiège an der Gemeng Jalhay dat un den Doud vum Paschtouer Jean Toussaint Joseph Dossogne soll erënneren deen do am Éischte Weltkrich den 11. August 1914 vu preiseschen Zaldoten erschoss gouf.

Monument Abbé Dossogne
Typ Krichsmonument
Land Belsch
Gemeng Jalhay
Plaz Tiège
Koordinaten 50°31'27,47"N, 5°54'23,68"O

Wéi et derzou koum änneren

Zwéin Deeg virdru ware preisesch Truppen déi vun Elsenborn hierkoumen zu Hockai. Géint 11 Auer owes sinn do e puer Schëss gefall a gläich drop goufen eng drësseg Awunner verhaft. Den Dag drop gouf de Paschtouer mat 7 Geiselen op Tiège bruecht fir verhéiert a virun e Militärgeriicht gestallt ze ginn. No engem iwwerflächleche Prozess gouf de Paschtouer Dossogne, well hie sollt op déi preisesch Truppe geschoss hunn zum Doud verurteelt. Déi aner Geisele goufe fräigelooss an de Joseph Dossogne gouf den Dag drop an enger Wiss beim Bois des Gattes erschoss. Op der Plaz gouf en hëlzent Kräiz opgeriicht.

E puer Joer drop gouf e Monument, fir un hien z'erënneren op der Strooss vun Tiège op Verviers opgeriicht. D'Monument gouf mat enger ëffentlecher Souscriptioun finanzéiert. Op der Schwell vun Monument goufe seng lescht Wierder « Epargnez mes paroissiens : prenez-moi » agravéiert.

D'Opschrëft vum Monument ass:

À LA MÉMOIRE
DE
L'ABBÉ DOSSOGNE
CURÉ DE HOCKAI
FUSILLÉ PAR LES ALLEMANDS
LE 11 AOÛT 1914
ÉPARGNEZ MES PAROISSIENS
PRENEZ-MOI