De Mont Rigi ass mat 680 Meter, eng vun den héchste Plazen an der Belsch am Héije Venn an der Gemeng Waimes an der Provënz Léck.

D'Fagne de la Poleûr um Mont Rigi

De Mont Rigi läit op hallwem Wee tëscht der Baraque Michel an dem Signal de Botrange. Iwwer de Mont Rigi féiert d'N 68, déi do och en Deel vun der Europastrooss E421 ass.

Um flaache Südwesthank vun der Kopp entsprangen zwou Baachen, de Ruisseau de Herbôfave och Ruisseau de la Baraque genannt dee säi Quellgebitt net wäit ewech vun der Croix des Fiancés huet, an d'Polleur, déi no hirem Zesummefloss d'Hoëgne bilden, déi bei Pepinster an d'Weser leeft.

1924 gouf um Mont Rigi vun der Lécker Uni d'Station scientifique des Hautes Fagnes opgeriicht. E vun den Haaptleit do derbäi war den Naturwëssenschaftler Léon Frédéricq.

Um Spaweck änneren