De Léon Frédéricq, gebuer zu Gent de 24. August 1851 a gestuerwen zu Léck den 2. September 1935, war e belschen Naturwëssenschaftler, Chirurg a Moler.

Léon Frédéricq
Gebuer 24. August 1851
Gent
Gestuerwen 2. September 1935
Léck
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Dokter, Physiolog
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina

Hie war den zweete Bouf vum Dokter César Fredericq, Gemengerot zu Gent, an deem senger Fra der Mathilde Huet, Direktesch vun engem Meederchespensionnat.

De Frédéricq krut 1871 op der Universitéit vu Gent säin Diplom als Docteur en sciences naturelles. Bis 1875 mécht hien dann nach seng Diplomer als Generalist, Chirurg an Accoucheur.

1878 gëtt hien Docteur spécial en sciences physiologiques an 1879 kritt en, als Nofollger vum Théodore Schwann, de Léierstull an der Physiologie op der Universitéit vu Léck a gëtt Membre correspondant de l'Académie royale de Belgique (Classe des Sciences).

Nodeem hie vun 1880 zu Léck gewunnt huet, gouf en 1881 mat der Bertha Spring bestuet.

1882 gouf hie Membre correspondant de l'Académie de Médecine de Belgique.

1883 huet hien zesumme mat dem J.-P. Nuel en éischt Wierk erausginn: Eléments de Physiologie humaine à l'usage des étudiants en médecine.

Wéi 1885 op der Place Delcour den neien Institut de Physiologie no däitschem Modell gebaut gouf, huet hien d'Pläng zesumme mat dem Architekt Lambert Noppuis ausgeschafft, an 1888 ugefaangen am Institut ze schaffen.

1892 huet hien den 2e Congrès international de Physiologie organiséiert a presidéiert. Hie krut dat selwecht Joer den Titel Chevalier de l'Ordre de Léopold, an 1894 gouf hie Membre titulaire de l'Académie royale de Belgique (Classe des Sciences), fir 1904 Direkter vun der Classe des Sciences à l'Académie royale de Belgique ze ginn.

1907 krut hien den Titel Officier de l'Ordre de Léopold a gouf 1910 Membre titulaire de l'Académie de Médecine de Belgique.

Als Moler huett hien 1899 um « Salonnet des cinq aquarellistes » am Cercle des Beaux-Arts zu Léck matgemaach. Mat enge ronn zwanzeg Aquerellen an Tuschzeechnunge war dës zu senger Liefzäit déi eenzeg Ausstellung vu senge Biller.

Seng Pensionéierung am Joer 1921 huet seng wëssenschaftlech Aarbecht net ënnerbrach, a sou koum et datt hien 1924 Matgrënner vun der Station scientifique des Hautes Fagnes um Mont Rigi gouf.

Seng lescht grouss Éierung war 1931, wéi him den Titel vun engem Barong zougesprach gouf.

Wierker änneren

Um Spaweck änneren