Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Monique Weis, gebuer den 19. Dezember 1971 zu Déifferdeng[1], ass eng lëtzebuergesch Historikerin an zanter 2021 Professorin fir Geschicht an der Fréier Neizäit op der Uni Lëtzebuerg.

Monique Weis

Liewen änneren

D'Monique Weis huet 2001 en Doktorat a Geschicht gemaach (Philosophie et Lettres)[Wou ?].

Vun 2005 bis 2020 war si chercheure qualifiée beim Fonds national de la Recherche scientifique (FRS-FNRS) vun der Belsch. Ausserdeem huet si op der Université libre de Bruxelles Geschicht vun der Neizäit a Reliounsgeschicht enseignéiert. Vun 2007 bis 2011 war si och Coordinatrice vum Schwéierpunkt-Pol City and Society in the Low Countries 1200-1800, a vun 2013 bis 2016 Leederin vum Centre interdisciplinaire d'Étude des Religions et de la Laïcité.[1]

Fuerschung änneren

Hire Schwéierpunkt an der Fuerschung ass d'Herzogtum Lëtzebuerg am 16. a 17. Joerhonnert als Peripherie a Grenzland vun den Nidderlanden.[1]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • mam Peperstraete, Sylvie: Des Saints et des Martyrs, Hommage à Alain Dierkens. Editions de l'ULB, 2018.
  • Philippe de Marnix et le Saint Empire. Les connexions allemandes d'un porte-parole de la Révolte des Pays-Bas 1566-1578. Société royale d'histoire du protestantisme belge, 2004.
  • Les Pays-Bas espagnols et les États du Saint Empire (1559-1579). Priorités et enjeux de la diplomatie en temps de troubles. Editions de l'Université de Bruxelles, 2003.
  • Légitimer la répression des troubles. Les correspondances du pouvoir espagnol avec les princes allemands au début de la Révolte des Pays-Bas (1566-1568). Archives générales du Royaume, 2003.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Université du Luxembourg, Monique Weis. Université du Luxembourg. Gekuckt de(n) 2022-09-27.