Monegassesch Foussballnationalekipp
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Nationalekipp vu Monaco. Fir de bekannte franséisch-monegassesche Foussballclub, kuckt wgl. AS Monaco. |
Monaco | |||
Spëtznumm: | Rouge et blanc | ||
Federatioun: | FMF | ||
Trainer: | Thierry Petit | ||
Meescht Matcher: | Yohan Garino (16) | ||
Meescht Goler: | Olivier Lechner (14) | ||
Stadion: | Stade des Moneghetti (Cap-d'Ail, Frankräich) | ||
Historesch Matcher | |||
Éischte Match: | Monaco - Tibet: 2-1 14. Juli 2001, Freiburg, Däitschland | ||
Héchst Victoire: | Monaco - Vatikanstad: 2-0 22. Juni 2013, Cap-d'Ail, Frankräich Monaco - Vatikanstad: 2-0 10. Mee 2014, Roum, Italien | ||
Héchst Nidderlag: | Lappland - Monaco: 21-1 24. November 2006, Hyères, Frankräich | ||
VIVA World Cup | |||
Participatioun: | 1 x (fir d'éischt 2006) | ||
Bescht Resultat: | 2. Plaz (2006) | ||
|
D'Monegassesch Foussballnationalekipp (op Franséisch: Équipe de Monaco de football, op Monegassesch liguresch: A Seleçiun de fut d'u Prinçipatu de Mùnegu) ass eng Selektioun vun de beschte monegassesche Foussballspiller, déi vun der Monegassescher Foussball-Associatioun (FMF) erausgesicht ginn.
Si representéiert Monaco op engem limitéierten internationalen Niveau, zum Beispill bei de Qualifikatioune fir d'Confederation of Independent Football Associations (ConIFA). D'Monegassesch Foussballnationalekipp ass net vun der UEFA an der FIFA unerkannt[1].
An der Elo-Ratings-Weltranglëscht läit d'Monegassesch Nationalekipp op der Plaz 201 (Stand: 4. Juni 2018)[2].
Den Haapttrainer vun der Foussballnationalekipp ass den Thierry Petit (Stand: 2009–13)[1].