Mittal-Arcelor - Les dessous du bras de fer

Mittal-Arcelor - Les dessous du bras de fer ass e Buch iwwer d'Geschicht vum Entstoe vum Stolgrupp ArcelorMittal.

D'Buch gouf zesummegestallt vun der Journalistin Françoise Gilain an Zesummenaarbecht mat der RTBF, an et koum 2006 zu Bréissel bei den Éditions Jourdan eraus. Et gouf zu Tournai an der Dréckerei Tournai Graphic gedréckt.

Am Buch ginn déi lescht sechs Méint vum Bourse-Krich beschriwwen an deem sech déi zwéi Stolrisen Arcelor a Mittal-Steel géintiwwer stoungen.

D'Buch ass an 31 Kapitelen, plus en Epilog mat 3 Annexen opgedeelt.

  • Françoise Gilain: Mittal Arcelor - Les dessous du bras de fer. Éditions Jourdan, 2006, 260 S. ISBN 2-930359-80-3