Ministère de la Justice

lëtzebuergesche Ministère
(Virugeleet vu(n) Ministère de la justice)

De Justizministère (fr: Ministère de la Justice, gekierzt MJUST) ass e Ministère zu Lëtzebuerg.

Ministère de la Justice
Justizministère
Land Lëtzebuerg
Minister Elisabeth Margue
Adress Centre administratif Pierre Werner, 13, rue Erasme L-2934 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://mjust.gouvernement.lu/

Allgemenges änneren

De Ministère ass verantwortlech fir d'Gesetzgebung wat déi zivil, strofrechtlech (penal) a kommerziell Affären ugeet grad wéi fir d'Organisatioun vun der Justiz.

Kompetenz vum Ministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Justizministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

  • Zivil Affären: Zivilrecht an Zivilrecht-Prozessuerdnung; Heemechtsrecht; Ännerung vum Numm a Virnumm; zivil a kommerziell Mediatioun; international Kommissioun iwwer den État civil; Mënscherechter; Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter; Haager Konferenz iwwer internationaalt Privatrecht; europäesch an international Zesummenaarbecht am ziville Beräich; international Rechtshëllef fir zivil Affären; Europarot (Volet Zivilrecht); Benelux-Geriicht; Conseil vun der Justiz an de bannenzegen Affäre vun der EU, Zesummenaarbecht an zivillen Affären; europäesch Juridiktioun
  • Strofrechtlech Affären: Strofrecht a Strofrecht-Prozessuerdnung; Noloosse vu Strofen an Iwwerpréiwe vu Strofprozesser; strofrechtlech Mediatioun; Entschiedegung fir Affer vu Gewaltverbriechen; Office des signalements; Jugendschutz; Entschiedegung bei net effikasser Untersuchungshaft; Waffen, Gardiennage, Sprengstoff; Glécksspiller a Lotterien; Korruptioun; Terrorismus; europäesch an international Zesummenaarbecht am Strofrecht; Justizhëllef op nationalem an internationalem Plang an Ausliwwerung; Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Europa (OECD); Europarot (am Beräich vum Strofrecht); Conseil vun der Justiz an de bannenzegen Affären vun der EU, Zesummenaarbecht a strofrechtlechen Affären; international Strofgeriichter
  • Kommerziell Affären: Handelsrecht; Faillite-Recht; Gesellschaftsrecht; Comptabilitéitsrecht; ASBLen a Fondatiounen; Handels- a Firmeregëster; Kommissioun vu Comptabilitéitsnormen; Administrativ Vereinfachung an eemoleg digital Identitéit vun den Entreprisen
  • Organisatioun vun der Justiz an de juristesch Beruffer: Relatioune mat der Magistratur; Nominatiounen; Digitaliséierung vun der Justiz; Relatioun mat de Barreauen; Komplementar Geriichter am Lëtzebuerger Recht a Stagen an der Justiz; Relatioune mam Notariat, Nottärsstagen, Nominatiounen; Relatioune mat den Dierwiechter, Stagen, Nominatiounen; Justizhëllef; juristesch Experten; Mediatioun; Restorative Justice
  • Kampf géint d'Wäisswäsche vu Geld a géint de Finanzement vum Terrorismus: national, europäesch an international Koordinatioun; national, europäesch an international Gesetzgebung; Groupe d'action financière (GAFI); national Risikobewäertungen a Statistiken
  • Allgemeng Koordinatioun vun den administrative Geriichter
  • Prisongsverwaltung
  • Lëtzebuerger Nationalitéit
  • Bureau de gestion des avoirs

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère de la Justice – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.