De Miloš Tichý, gebuer de 17. Dezember 1966 ass en tschecheschen Astronom an Asteroidejeeër.[1] Hie schafft zesumme mat senger Fra Jana Tichá am Kleť-Observatoire, wou hien den Direkter ass. 1994 hat hien an där Funktioun d'Aféierung vun CCD-Kamerae am Observatoire duerchgesat. Am Ganzen huet hien iwwer 150 Asteroiden, dovun 92 zesumme mat senger Fra entdeckt.[1]

Miloš Tichý
Gebuer 17. Dezember 1966
Nationalitéit Tschechesch Republik
Aktivitéit Astronom
Famill
Bestuet mat Jana Tichá

Donieft hat hien och de periodesche Koméit 196P/Tichý entdeckt.

Den Asteroid (3337) Miloš gouf no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Miloš Tichý – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Minor Planet Discoverers