Jana Tichá

tschechesch Astronomin

D'Jana Tichá, gebuer 1965, ass eng tschechesch Astronomin. D'Tichá huet op der Wirtschaftsuniversitéit Prag studéiert an do 1987 graduéiert. Zanter 1992 ass si Direktesch vum Kleť-Observatoire. Jana Tichá ass op d'Entdeckung an Observatioun vun Asteroiden a Koméite spezialiséiert, mat Schwéierpunkt op äerdno Objeten (NEOen) an ass wëssenschaftlech Leederin vum entspriechenden Observatiounprogramm inklusiv de KLENOT-Projet (KLENOT = Kleť Observatory Near Earth and other unusual Objects Observations Team). Ënner hirer Féierung krut den Observatoire eng grondleeënd Moderniséierung vun der astrometrescher Observatioun vun dësen Objeten duerch Aféierung vun enger CCD-Kamera a moderner Computertechnik. Si schafft zesumme mat hirem Mann Miloš Tichý am Observatoire.

Jana Tichá
Gebuer 6. Mee 1965
České Budějovice
Nationalitéit Tschechesch Republik
Educatioun Wirtschaftsuniversitéit vu Prag
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun
Famill
Bestuet mat Miloš Tichý
D'Jana Tichá mat hirem Mann Miloš Tichý 2004

D'Jana Tichá ass Member vun ettlechen internationale Kommiteeën a Kommissioune vum Beräich Astronomie. Beispillsweis féiert si zanter 2003 de Virsëtz vum Committee on Small Body Nomenclature (CSBN) vun der Internationaler Astronomeschen Unioun, déi fir d'Préifung vun Nimmvirschléi an d'Benennung vun Asteroiden zoustänneg ass.

Bis Juli 2007 hat si méi wéi 50 Asteroiden entdeckt, vill dovun zesumme mat hirem Mann. Hir selwer ass den Asteroid (5757) Tichá gewidmet. E weideren Asteroid (8307) Peltan gouf no hirem Meederchersnumm genannt. An Tschechien ass d'Astronomin gutt bekannt duerch hir populärwëssenschaftlech Aktivitéiten. Si gehéiert zu den haaptsächlechen Auteure vum tschecheschen Internetdéngscht zum Theemegebitt Asteroiden a Koméiten.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren