Michelle Thaller

amerikanesch Astrophysikerin

D'Michelle L. Thaller, gebuer am Joer 1970 zu Waukesha, Wisconsin ass eng US-amerikanesch Astronomin an Astrophysikerin.

Michelle Thaller
Gebuer 28. November 1969
Waukesha
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Journalist, Physiker

Liewen änneren

D'Michelle Thaller hat 1988 hire Schoulofschloss op der Waukesha South High School gemaach. Hiren uschléissende Studium an der Astrophysik huet si 1992 mat enger Bacheloraarbecht iwwer Prezisiounsmiessunge vun Duebelstären op der Harvard Universitéit absolvéiert. Op der Georgia State Universéit huet si dunn e Studium iwwer de Kollisiounswand an no Duebelstäre gemaach an huet schliisslech 1998 zum Ph.D. promovéiert. Vun 1999 bis 2008 war si am Infrared Processing and Analysis Center an dunn als Manager of the Education and Public Outreach program fir d'Spitzer-Weltraumteleskop am California Institute of Technology engagéiert. Aktuell ass si assistant director fir Wëssenschaftskommunikatioun am Goddard Space Flight Center.

D'Thaller ass an onreegelméissegen Ostänn als Gaascht vu verschiddene Wëssenschaftssendungen an der Televisioun ze gesinn. Ausserdeem schreift si reegelméisseg Artikele fir The Christian Science Monitor.

D'Thaller ass mam Ingenieur Andrew Booth bestuet a lieft am Maryland.

Um Spaweck änneren