Michèle Frank

lëtzebuergesch Kënschtlerin

D'Michèle Frank, gebuer de 25. Abrëll 1940 zu Chatellerault (F), ass eng Molerin a Schrëftstellerin.

Michèle Frank
Gebuer 25. Abrëll 1940
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Auteur
Famill
Bestuet mat René Wiroth

No hiren Universitéitsstudien, déi si zu Saarbrécken an zu Dijon gemaach huet, fänkt se 1980 als Autodidakt mat der Molerei un. Si benotzt verschidden Techniken (Ueleg, Aquarell, Tusch,...) a Supporten (Toile, Pabeier, Styropor, Koffer,...).

1986 begéint si dem Sculpteur René Wiroth, dee si dozou bréngt, 1987 fir d'éischt auszestellen a mat deem si sech och bestit. Déi zwéin Artiste schaffe kënschtleresch mateneen a presentéieren hir Wierker zesummen an Ausstellungen.

2006 huet se hire Roman Ressac erausbruecht.

Eenzel-Ausstellungen (Auswiel) änneren

  • 1987, Cercle des Communautés Européennes
  • 1987, Bibliothèque Municipale vun Thionville (F)
  • 1990, Galerie 47, Virton (B)
  • 1991, Theaterstiffchen, Esch-Uelzecht
  • 1992, Galerie Archipel, Paräis
  • 1992, Centre Culturel de Forbach (F)
  • 1993, Galerie «La Malle des Indes», Metz (F)
  • 2008, Centre Culturel de Rencontre, Abbaye de Neumünster, Lëtzebuerg

Gruppen-Ausstellungen änneren

  • 1993, Galerie «La Palette», Beatenberg, Schwäiz
  • 1994, Salon du Mineur, Centre Culturel vu Forbach (F)
  • 1995, Art Gallery, Lëtzebuerg
  • 1995, Centre Culturel de Florange (F): Rencontre Ukraine - France
  • 2007 Invitée d'honneur à L'abbaye de Villers-Bettnach (F)
  • 2007, Espace TEM, Goviller (F): La Cinquième Saison, panneau d'huiles sur toile de 10x2,5 m
  • 2008, Keller vum Stadhaus vu Virton (B): La Cinquième Saison

Ausstellungen zesumme mam René Wiroth änneren

  • 1997, Complémentarité Homme-Femme, Stad-Galerie vu Sternberk, Tschechesch Republik
  • 1997, Complémentarité Homme-Femme, Galerie St. Nicolas, Réimech
  • 2000, Complémentarité Homme-Femme, Résidence du Parc, Merlebach (F)
  • 2002, Gold und Lehm, Kunstkeller Klingelpütz, Köln
  • 2002, Centre Culturel Français, Lëtzebuerg
  • 2003, Europa-Parlament zu Stroossbuerg
  • 2003, Galerie Municipale, Theater Esch-Uelzecht
  • 2003, La Galerie, Passage Alfa, Lëtzebuerg
  • 2003, Commission Européenne, Bâtiment Jean Monet, Lëtzebuerg
  • 2003, National Arts Club, New York
  • 2003, The Luxembourg House, New York
  • 2003, Gemengenhaus vu Welleschten
  • 2003, Schlass vu Buerglënster
  • 2008, Galerie Soraya, Ausstellung a Konferenz iwwer L'identité féminine dans l'art (M. F.), Camille Claudel et Rodin (R.W.)
  • 2008, Jardin Botanique, Schwéibseng
  • 2009, Espace TEM, Goviller (F): Nous sommes partout et nulle part, Panneau d'huiles sur toile de 6x2,50 m servant de fond aux sculptures volantes en aluminium de René Wiroth
  • 2009, Kunstkeller Klingelpütz, Köln
  • 2013, Hommage à Michèle Frank et René Wiroth, Cercle Munster, Stad Lëtzebuerg

Publikatiounen änneren

  • Michèle Frank, René Wiroth: L'Or et L'Argile - L'Art et le quotidien, 2001, Imprimerie Centrale, Lëtzebuerg, ISBN = 2-9599827-0-3 (och an däitscher Versioun: Gold und Lehm - Kunst und Alltag, ISBN = 2-9599827-9-7)
  • Michèle Frank: Ressac, 2006, Thélès (Paräis), ISBN = 2-84776-625-1
  • Michèle Frank, René Wiroth: Correspondances, 2009, ISBN = 978-2-9599827-2-9

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren