D'Leonide sinn e Stäreschnäizestroum, deen am November ze gesinn ass. De Radiant läit am Stärebild vum Léiw, ongeféier 10° nordëstlech vum Stär Regulus. Säin Urspronk ass de Koméit Tempel-Tuttle, deen op senger Ëmlafbunn ronderëm d'Sonn vill Brochstécker, d'Meteoroiden hannerléisst. Wann eis Äerdbunn sou eng Wollek vu Brochdeeler kräizt, da geroden déi an d'Atmosphär, a se verglousen. Si kënnen dann als Stäreschnäize gesi ginn.

Leoniden
Aktivitéitszäitraum 10.–21. November
Aktivitéitsmaximum 17. November
Radiantenpositioun
vum Aktivitéitsmaximum
RA: 10h 08m
DE: +22°
ZHR var
Populatiounsindex r 2,9
Geozentresch Vitess 71 km/s
Illustratioun vum Leonidemeteorstroum, Nordamerika den 12./13. November 1833 (E. Weiß: „Bilderatlas der Sternenwelt“, 1888)

Den Aktivitéitsmaximum ass an der Nuecht vum 17. op den 18. November z'observéieren. D'Stäreschnäize sinn dobäi mat enger geozentrescher Vitess vun zirka  71 km/s ganz séier. Fréier war de Leonidestroum méi aktiv wéi haut, an der Tëschenzäit huet d'Wollek mat de Brochstécker sech scho vill ofgebaut a wäit verspreet, woufir de Stroum an der Reegel e schwaachen opfällege Maximum opweist.

All 33 Joer kann et awer zu engem besonneschem Spektakel kommen: Wann d'Äerd d'Ëmlafbunn vum Koméit Tempel-Tuttle kräizt, kuerz nodeem deen dat bannentzegt Sonnesystem duerchlaf huet, ass d'Zuel vun de siichtbare Leoniden-Meteore besonnesch grouss. Et kënnt dann zu engem Meteorstuerm mat villen dausend Meteore pro Stonn, wéi et beispillsweis am Joer 1966 an 1999 de Fall war.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Leoniden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren