Metazachlor

cheemesch Verbindung
Metazachlor
Metazachlor
Systemateschen Numm (IUPAC) Metazachlor
Trivialen Numm Butisan
Cheemesch Formel C14H16ClN3O
Ausgesinn / Geroch Faarflosen a gerochlose Feststoff
Eegenschaften
Dicht 1,31 g·cm−3
Léislechkeet 0,43 g/l am Waasser (20°C)
Agregatzoustand fest
Molmass 277,75 g/mol
Schmëlzpunkt 76–84 °C
Thermodynamesch Daten
Weideres
Änlech Moleküllen Alachlor
Metolachlor
Cheemeesch Famill {{{Cheemeesch Famill}}}

Metazachlor ass en 1:1-Gemësch vun zwou atropisomere cheemesche Verbindungen aus der Grupp vun de Chloracetamiden, zu deenen och den Alachlor an de Metolachlor gehéieren.

De Metazachlor gëtt an der Landwirtschaft als Herbizid agesat. E wierkt andeems en d'Synthes vun de Fettsaiere blockéiert. D'Mëttel gouf 1976 vun der Firma BASF op de Maart bruecht.

Gebrauch änneren

Metazachlor gëtt an der Landwirtschaft als Virlafherbizid géint Onkraider op de Grompere-, Kabes- an Tubakfelder agesat.

Metazachlor am Stauséi Uewersauer änneren

Zu Lëtzebuerg koum de Metazachlor 2014 an d'Gespréich, nodeems de 17. September zu Witry an der Belsch en Unhänger ëmgekippt war, a ronn 6000 Liter Metazachlor-Léisung an d'Moyémont, eng Niewebaach vun der Sauer, eragelaf sinn. E puer Deeg duerno gouf den Herbizid am Waasser vum Stauséi Uewersauer nogewisen.[1].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Metazachlor am Stauséi Uewersauer.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Ganser, J., 2014. Knapp zwei Wochen nach Herbizid-Unfall. Die Last im Stausee. Luxemburger Wort vum 1. Okt., S. 24.