Merowengesch Grafhiwwelen am Telpeschholz zu Dondel
fënnef Grafhiwwelen aus der spéider Merowengerzäit
(Virugeleet vu(n) Merowengesch Grafhiwwele vun Dondel-Telpeschholz)
D'Merowengesch Grafhiwwele vun Dondel-Telpeschholz si fënnef Grafhiwwelen aus der spéider Merowengerzäit, déi op der Spëtz vum Telpeschholz nordwestlech vun Dondel leien.
Typ | Tumulus |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Kielen |
Plaz | Dondel |
Adress | Telpeschholz |
Koordinaten | 49°41'27,121"N, 6°1'34,453"O |
Statut | Ausgruewung |
Si goufen 1961 vum Nouspelter Paschtouer Georges Kayser entdeckt an ausgegruewen. Bei den Ausgruewungen huet sech gewisen, datt ënnert de fënnef Hiwwelen sechs Persoune begruewe waren, 4 Männer an zwou Fraen. Et huet sech heibäi ëm bedeitent Merowenger aus dem 7. Joerhonnert gehandelt. Et goufe Waffe wéi Schwäerter, Lanzen a Schëlter fonnt. An engem vun de Fraegriewer sinn och gëlle Bijouen entdeckt ginn.
D'Grafhiwwele leien um Circuit auto-pédestre 1 vun Nouspelt.
Literatur
änneren- Holger Schaaff, Die Altertümer der Merowingerzeit im Großherzogtum Luxemburg. Dossiers d'archéologie II; Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale SA), 1993; 157 Säiten (ill., 2 Bäilagen).
- Heuertz, Marcel, et Léon Schandel. Les ossements humains des tombelles d’époque franque de Nospelt (« Telpeschholz », G.-D. de Luxembourg). Luxembourg: Musée d’histoire naturelle, 1967. Print.
- Gérard Thill, Cinq sépultures sous tombelles mérovingiennes découvertes près de Dondelange. Hémecht 18, 1966, S. 369-375.