De Meles Zenawi Asres, gebuer Legesse Zenawi den 8. Mee 1955 zu Adoua, a gestuerwen den 20. August 2012, war en ethiopesche Politiker.

De Meles Zenawi

Vum 23. August 1995 bis zu sengem Doud war hie Premierminister vun Ethiopien. Als Leader vun der Befreiungsfront vun den Tigré-Vëlker huet hien a Koalitioun mat der Demokratesch-revolutionärer ethiopescher Volleksfront regéiert.

Virdru war de Meles Zenawi vun 1991 bis den 22. August 1995 President vun der Iwwergangsregierung vun Ethiopien.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Meles Zenawi – Biller, Videoen oder Audiodateien