Medicoleak
"Medicoleak" gouf 2011-2012 eng Affär zu Lëtzebuerg genannt, wou een am Ufank Onbekannte sech via een ëffentlech affichéiert Passwuert Zougang zu enger Datebank mat medezineschen Donnéeë vu Sportler verschaf hunn.
Ee Mataarbechter vum Centre Medico-Sportif hat eeben dat Passwuert a sengem Büro affichéiert[1], wou all Sportler oder soss eng Persoun déi dobanne war et gesi konnt. D'Passwuert war och den eenzege Schutz vun där Medico-Datebank, déi vun iwwerall am Internet aus accessibel war. All Passwuert huet och Zougang op Date vun alle Sportler erméiglecht, an net nëmmen op déi Sportler déi vum selwechten Dokter betreit gi sinn.
Déi onbekannt Persoun huet hir Decouverte fir d'éischt dem Computer Incident Response Center Luxembourg (CIRCL) matgedeelt. Nodeem keng Reaktioun koum, huet déi Persoun d'Saach och der Piratepartei matgedeelt, déi dann d'Saach un d'Press weidergeleet huet.
Reaktioun vun de Ministeren
ännerenKuerz nodeem d'Saach publik gi war, huet de Justizminister François Biltgen beim Parquet eng Plainte géint Onbekannt wéinst Déifstall gemaach[2]. D'Passwierder sinn och geännert ginn[3]. Och den Zougang zu deenen Donnéeë ass zanter Mee 2012 nëmme mat enger sougenannter 'Identification forte' mat Hëllef vun engem 'Luxtrust-Certificat méiglech[4].
Aner Schrëtt fir d'Sécherheet z'erhéijen, wéi z. B. d'Adressen ze limitéiere vu wou aus op d'Datebank kann zougegraff ginn, oder d'Donnéeë pro Dokter ze partitionéiere, si keng ënnerholl ginn[5].
Och de Sportminister Romain Schneider huet d'Aktioune vun den "Hacker" verdaamt, ouni sech Froen iwwer d'Manéier ze stelle wéi déi Datebank geréiert ass[6].
Juristesch Suitten
ännerenUganks Abrëll 2012 sinn am Kader vun där Affär 2 Perquisitioune gemaach ginn, eng beim Sven Clement, President vun der Piratepartei, an déi aner bei enger Persoun vum CIRCL[5].
De Sven Clement gouf den 18. Mäerz 2013 wéinst der Medicoleak-Affär ugeklot[7]. Hien huet a senger Depositioun virop de Vol kontestéiert, awer den Accès zu Donnéeën zouginn. Him wier et drëms gaangen, eng Faille opzedecken. De 16. Oktober 2014 gouf hien um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vu 500 Euro verurteelt[8].
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Chaos Computer Club Lëtzebuerg: The Empire strikes back
- ↑ Artikel vum 19. Januar 2012 op essentiel.lu iwwer d'Plainte beim Parquet géint den Hacker Archivéiert de(n) 18.06.2012. Gekuckt de(n) 03.11.2012.
- ↑ Pressecommuniqué vun de Ministere François Biltgen a Romain Schneider iwwer Medicoleak
- ↑ Artikel am Wort vum 11. Abrëll 2012
- ↑ 5,0 5,1 wort.lu: "Medicoleak": Zwei Hausdurchsuchungen
- ↑ lessentiel.lu: Datenschützer: Dumm gelaufen / Regierung bleibt stur auf Kurs
- ↑ Piraten-Chef Clement muss vor Gericht op Lessentiel.lu ofgeruff den 19. Mäerz 2013]
- ↑ "Affär 'Medicoleak': Sven Clement zu Geldstrof vu 500 € verurteelt." rtl.lu, 16.10.2014, 09:34:50.