Max Lambert

lëtzebuergesche Banquier

De Max (Carl Léopold Maximilian) Lambert, gebuer de 24. Mee 1888 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 29. Abrëll 1957[1], war e lëtzebuergesche Banquier.[2]

Max Lambert
Gebuer 24. Mee 1888
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. Abrëll 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier
Famill
Kanner Marc Lambert

Bankdirekter änneren

De Max Lambert war Gerant vun der Banque Werling, Lambert & Cie a Member vum Verwaltungsrot vun der Société luxembourgeoise de crédit et de dépôts, successeurs de Werling, Lambert & Cie banque.[3]

Hie war Direkter vun der BIL, Member vun der Direktioun vun 1932 bis 1957, Member vum Verwaltungsrot vun 1940 bis 1957 a President vum Verwaltungsrot vun 1952 bis 1957.[4]

Member vu Verwaltungsréit änneren

De Max Lambert war vun Ufank u Member a spéider President vum Verwaltungsrot vun der Société anonyme Caves Jean Bernard-Massard, déi 1921 gegrënnt gouf.

Am Oktober 1922 war Max Lambert ee vun de Grënner vun der Assurancëgesellschaft Le Foyer, wou hie vun 1922 bis 1957 Vizepresident vum Verwaltungsrot a vum Direktiounscomité war

D'Famill änneren

De Max Lambert war de Jong vum Bankdirekter Auguste Lambert (1853-1905) an der Marie Thécle Laure Dumont (1855-). Hien huet sech den 10. Abrëll 1913 an der Stad mat der Bertha Antoinette Françoise Heldenstein, 1890 zu Colmer gebuer, der Duechter vum Stater Geschäftsmann Henri Heldenstein an der Hélène Settegast, bestuet. D'Koppel krut zwee Kanner, de Marc Lambert (1914) an d'Christiane Josette Hélène (1921)[5], déi sech spéider mam André Clasen bestuet huet.[6]

Gielercher[1] änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Max Lambert. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (2 Mee 1957). Gekuckt de(n) 2023-01-10.
  2. Luxroots.com; Email vum Hubert Clasen vum 21. Juli 2020.
  3. Banque Werling, Lambert et Cie. www.industrie.lu.
  4. René Link: Historique du siège de la Banque centrale du Luxembourg. Banque centrale du Luxembourg, S. 64-65.
  5. Luxroots.com.
  6. Wikipedia: Carlo Clasen.