De Maurice Duverger, gebuer de 5. Juni 1917 zu Angoulême a gestuerwen de 17. Dezember 2014[1], war e franséische Jurist, Politikwëssenschaftler, Auteur a Politiker.

Maurice Duverger
Gebuertsnumm Maurice Louis Georges Duverger
Gebuer 5. Juni 1917
Angoulême
Gestuerwen 16. Dezember 2014
5. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Bordeaux
Aktivitéit Jurist, Politiker, Politolog, Universitéitsprofesser
Partei Kommunistesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie

Hie gëllt als ee vun de Matgrënner vun der moderner europäescher Politikwëssenschft an huet dozou bäigedroen, dës nom Zweete Weltkrich als universitär Disziplin z'etabléieren. Hien huet 1948 den Institut d'études politques vu Bordeaux gegrënnt.

Hie war Jurist vu Formatioun an huet sech dofir agesat, datt d'Poltologie méi op d'Léier vum Droit sollt awierken. Sou huet hien ë. a. d'Relatioun vun de gesellschaftleche Kräften an dem juristesche Kader, an deem se wierken, analyséiert. Dat sougenannt Duverger-Gesetz, wat e sou ofgeleet huet, seet datt e Proporz-Walsystem zu engem Méiparteiesystem féiere géif, wärend bei engem System vu Majorz-Wal (wéi z. B. a Groussbritannoen oder den USA) zu engem duale Parteisystem féiere géif.

D'Politikwëssenschaft war fir den Duverger eng science-carrefour, wou Historiker sou gutt wéi Philosophen, Juristen, Anthropologen oder Soziologen hiert Wëssen an hir Methoden afléisse loosse kéinten.

Hie war Professer op en ettlechen Universitéiten: Bordeaux (1940–1985), Poitiers (1942/1943), Paräis (1955–1985, Sorbonne 1971–1985), Wien (1965), Tel-Aviv (1979), Genf (1983–1986) an New York (1986).

Nieft senge wëssenschaftleche Wierker huet den Duverger a villen Zeitungen, virun allem Le Monde, Libération, El País a Corriere della Sera) Artikele publizéiert.

De Maurice Duverger war vun 1989 bis 1994 Member vum Europäesche Parlament, gewielt op der Lëscht vum italieenesche Partito Democratico della Sinistra.

Wierker (Auswiel) änneren

  • La situation des fonctionnaires depuis la Révolution de 1940 (1940)
  • Les partis politiques (1951), Armand Colin.
  • La participation des femmes à la vie politique, UNESCO, 1955.
  • Échec au roi
  • Institutions politiques et droit constitutionnel (I. Les grands systèmes politiques et II. Le système politique français) (1970)
  • Demain La République (1958), René Julliard.
  • La VIe République et le régime présidentiel, Arthème Fayard, 1961.
  • Les institutions françaises, PUF, 1962.
  • Constitutions et documents politiques, PUF, 3e édition 1964
  • Introduction à la politique (1964)
  • Sociologie politique, Presses universitaires de France, collection Thémis (Paris, 1966) dirigée par Maurice Duverger.
  • La Monarchie républicaine, ou comment les démocraties se donnent des rois (1974)
  • Lettre ouverte aux socialistes Éditions Albin Michel, 1976, ISBN 2-226-400326-6

Referenzen änneren

  1. Mort de Maurice Duverger, le « pape » de la science politique française