Angoulême
Angoulême ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng, an d'Prefektur vum Departement Charente an der Regioun Nouvelle-Aquitaine. Et huet knapps 42.000 Awunner an ass de Sëtz vun engem Bistum. Angoulême ass bekannt fir säin internationale Comics-Festival (Festival international de la bande-dessinée), deen do all Joers ass.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Vue op Angoulême | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Charente | ||||
Arrondissement | Angoulême | ||||
Kanton | Chef-lieu vun 3 Kantonen (1, 2, 3) | ||||
Postcode | 16000 | ||||
Gemengecode | 16015 | ||||
Koordinaten | 44° 38’ 58’’ N 00° 09’ 34’’ O | ||||
Fläch | 2 185 ha | ||||
Bevëlkerung | 41.955 (2014) |
D'Alstad läit op engem bal 100 Meter héijen Hiwwel, ronderëm deen de Floss Charente eng Schlauf mécht. D'Stad selwer läit op enger Héicht vu 50 an 130 Meter Wéinst där Lag war se bis an d'18. Joerhonnert eng Festungsstad.
Ma schonn d'Gallier hate sech do néiergelooss, an d'Réimer hunn do eng Sidlung mam Numm Ecolisma (oder Iculisma) gegrënnt, déi spéiderhin Angoulesme genannt gouf. 507 huet de Merowenger Chlodwig I. se de Westgoten ofgeholl an am 9. Joerhonnert gouf se vun den Normanne geplëmmt. Am Mëttelalter war se d'Haaptstad vun der Grofschaft Angoulême an eng wichteg Etapp op der Via Turonensis, engem Strank vum Jakobswee. 1204 krut Angoulême vum englesche Kinnek Jean Sans Terre hir Stadrechter. Wärend den Hugenottekricher gouf se schwéier zerstéiert. Am 15. a 16. Joerhonnert war d'Stad en wichtegen Exportzentrum fir Wäiner, déi vun do an England an an Holland verschéckt goufen.
Am 19. an 20. Jh. ass d'Bevëlkerung gewuess, iwwerdeems Industrie ronderëm d'Stad entstanen ass, absënns d'Pabeierfabrécken.
Kuckeswäertes
änneren- déi spéitromanesch Kathedral Saint-Pierre (1105–1128)
- de Musée d'Angoulême
- de Centre national de la Bande dessinée et de l'Image
Kuckt och
änneren- Departement Charente
- Arrondissementer am Departement Charente
- Kantonen am Departement Charente
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Charente
Um Spaweck
ännerenCommons: Angoulême – Biller, Videoen oder Audiodateien |