Maurenne

Duerf an der Gemeng Hastière

Maurenne ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Hastière an der Provënz Namouer an an der Régioun Wallounien.

Maurenne
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Gemeng Hastière
Awunner 60
Koordinaten 50° 13’ 01’’ N
      04° 52’ 01’’ O
Telefonszon 082
Postcode 5540

Geographie änneren

Déi kleng Uertschaft läit am Hank vun engem klenge Fielsvirspronk südwestlech vu Dinant an nërdlech vun der Botte de Givet laanscht N915, déi Hastière-Lavaux mat Anthée verbënnt, an um lénksen Uwänner vun der Féron, enger klenger Niewebaach vun der Meuse. Seng Stroosse gi vun zwou fréiere fossilräiche Steekaulen aus biergop.

De Kär vun der Uertschaft besteet aus zwéi grousse Bauerenhäff an enger ronn 60 Haiser an deene fréier d'Aarbechter aus de Steekaule gewunnt hunn. D'Haiser si mat Kalleksteng gebaut ginn, déi op der Plaz fonnt goufen, wat dem Duerf en exceptionnelt homegeent Ausgesi gëtt. D'Kapell vun 1983 ass en einfache rechteckege Bau mat engem Pultdaach a mat just Fënsteren op der Säit vum Dall. Ausser engem Christus aus Lannenholz vum 18. Joerhonnert an engem Kräizwee mat 14 Steegravure vum Lithograph Turgis ass an der Kapell näischt Besonnesches ze gesinn.

Geologie änneren

An der Zäit vum Devon, viru ronn 400 Millioune Joer, louch déi ganz Géigend an engem wotleche Mier wou sech grouss Korallebänke gebilt haten. Dat sinn déi Steng déi do an de lokale Steebréch ofgebaut goufen.

Demographie änneren

An der Zäit wéi d'Steebréch staark exploitéiert goufen (ëm 1930) hu bis zu 350 Leit am Duerf an 68 Haiser gewunnt[1]. 60 Joer méi spéit waren et der nach just 125 an et goufen nach 65 Haiser vun deenen der ronn eng Dosen nach just Vakanzewunnenge waren.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Maurenne – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Le Guide Ippa des villages de Belqique (S. 241)