De Martin Walker, gebuer am Joer 1947 a Schottland, ass e schotteschen Historiker, Journalist a Schrëftsteller. Hie wunnt mat senger Famill zu Le Bugue am Périgord.

Martin Walker
Gebuer 23. Januar 1947
Schottland
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Balliol College
Aktivitéit Journalist, Historiker, Schrëftsteller, Romancier

De Walker huet op der Universitéit vun Oxford Geschicht studéiert. Hien huet 25 Joer laang als Journalist fir déi brittesch Zeitung The Guardian geschafft.

Hien ass besonnesch bekannt duerch seng Kriminalromaner an deenen de Polizist Bruno Courrèges an der fiktiver Stad Saint-Denis am Périgord enquêtéiert.

Kriminalromaner änneren

  • Bruno, chief of police. Quercus, London 2008
  • The dark vineyard. Quercus, London 2009
  • Black diamond. Quercus, London 2010
  • The Crowded Grave. Quercus, London 2011
  • The Devil's Cave. Quercus, London 2012
  • The Resistance Man. Quercus, London 2013
  • Children of War. Quercus, London 2014
  • The Dying Season. Quercus, London 2015
  • Fatal Pursuit. Quercus, London 2016
  • The Templars' Last Secret. Quercus, London 2017

Um Spaweck änneren