Mario Jung

lëtzebuergesche Blues-Gittarist a -Sänger

De Mario Jung, gebuer de 4. Oktober 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Blues-Museker, -Gittarist a -Sänger, deen zu Esch-Uelzecht lieft.[1]

Mario Jung
Gebuer 4. Oktober 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gittarist, Sänger

De Mario Jung huet 1977 seng éischt Gittarscourse beim Mil Garofalo suivéiert a mat him zesummen d'Grupp X-I-TIT gegrënnt. Zesummen si se du sechs Méint laang op London liewe gaangen an der Hoffnung, eng erfollegräich musikalesch Karriär unzegoen, ouni awer den Duerchbroch ze packen.

Zeréck zu Lëtzebuerg huet de Mario Jung verschidde Museksgruppe matgegrënnt: Streetlife (zesumme mam Claude Bintz), Boys met Girls, Surrender.

Den éischte Kontakt mam Blues krut de Mario Jung am Kader vun der Formatioun Laymann's Law. Do huet de Mario Jung un der Filmmusek fir dem Andy Bausch säi Back in Trouble matgeschafft, ënner anerem zesumme mam Thierry van Werveke a mam Guy Schmit.[2]

Vun 2006 bis 2019 war de Mario Jung Gittarist vun der lëtzebuergescher Bluesgrupp The Heritage Blues Company.

De Mario Jung war als Gittarist zäitweileg och an der Danzmusekszeen (d'Stop's, Skyline, Celebration, Reflex) a bei Countrygruppen aktiv (Nickel Coin, Kantri Klapp).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell: D'Infoen an dësem Artikel stame vun engem Depliant iwwer de Museker Mario Jung.
  2. Cf. d'Lidd Oak Coat Brown Suitcase mam Thierry van Werveke & Layman's Law op Youtube.