Marie Heffenisch
D'Marie (oder Maria) Heffenisch, gebuer de 14. Oktober 1902 zu Colmer-Bierg, a gestuerwen den 9. Januar 1985, war eng lëtzebuergesch Fraerechtlerin. Si ass 1932 op Diddeleng geplënnert an huet an an der Liberatiounsstrooss den deemolegen Hotel Hengesch iwwerholl.
Marie Heffenisch | |
---|---|
Gebuer |
14. Oktober 1902 Colmer-Bierg |
Gestuerwen | 9. Januar 1985 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fraerechtler |
1941 huet si sech an der Lokalsektioun vum Lëtzebuerger Fräiheetsbond engagéiert. An hirem Hotel huet si illegal Zeitungen a Fluchblieder verdeelt a siwen desertéiert lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert verstoppt.
1944 gouf d'Marie Heffenisch verhaft a koum an e Stroflager fir Fraen a méi spéit an d'Frae-KZ Ravensbrück. Si ass am Abrëll 1945 befreit ginn.
No hir genannt
ännerenAm Kader vum internationale Fraendag 2019 huet d'Gemeng Diddeleng am Quartier Lenkeschléi fënnef Stroossen an eng Plaz no Diddelenger Frae genannt, déi an hirer Zäit Virreiderinne waren a sech no hire politeschen, privaten oder berufflechen Iwwerzeegungen engagéiert hunn. Dorënner d'Rue Marie Carmes-Heffenisch an Erënnerung un d'Marie Heffenisch[1].
Literatur
änneren- Anne Julie Heintz, Düdelingen entdeckt seine weibliche Seite op wort.lu den 8. Mäerz 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 9. / 10. Mäerz 2019, S. 40-41, ënnert dem Titel Starke Frauen, starke Geschichten.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Quell wou net anescht uginn: Anne Julie Heintz an der Literatur.